Eng Äntwert um Terrain ginn !

Nodeems d’Lëtzebuerger Nationalekipp de Liechtenstein mat 2-0 doheem geklappt hat, hätt d’Stëmmung am Kader u sech misse ganz gutt sinn an de Staff hätt den Auswäertsmatch a Bosnien an aller Rou virbereede kënnen. Leider goufen déi leschten Deeg duerch d’Fäll Thill a Rodrigues perturbéiert an dat Extrasportlecht ass an de Vierdergrond geréckelt. Alles aneschtes wéi optimal, dat Gebrodels virun esou engem wichtegen Deplacement bei Dzeko a Co.

Richteg optimistesch dat d’Ekipp ënnert deene Konditioune mat engem positive Resultat Heem komme géif ware warscheinlech déi mannst. Wéi sollen d’Rout Léiwen ouni hire Buteur mat all senge physeschen Attributer géint déi kampfstark Bosnier e Goal schéissen ? Wéi huet d’Ekipp dem Vincent Thill seng Flucht verdaut ? Ass et iwwerhaapt nach eng Ekipp oder besteet de Kader aus diverse Clibb’echer déi sech guer net méi richteg verstinn ? Spillen se eventuell géint de Luc Holtz ? 

Op all déi Froen huet d’Ekipp gëscht Owend zu Zenica mat der bescht méiglecher Äntwert geäntwert: mat enger kollektiver Glanzleeschtung  an engem, historeschen, 2-0 géint de Pjanic a seng Kolleegen. Et huet e vun der éischter bis zu leschter Minutt gemierkt dat deen ee fir deen aneren haut do wier a se alles géife gi fir de Match ze gewannen.

Kollektiv Glanzleechtung

Den héije Pressing deen ons Léiwe gespillt hunn huet och direkt seng Friichte gedroen well schonn an den Ufanksminutte konnt de Yvandro Borges e schlechte Kontroll vum bosneschen Innenvertéideger interceptéieren, de Goalkeeper eliminéieren an de Ball an den eidele Goal eraschéissen. D’Lëtzebuerger haten de beschtméigleche Start an domadder d’Bosnier kal erwëscht. 

Yvandro Borges Sanches

Duerno hunn d’Bosnier probéiert mä hunn sech entweder um héije Pressing oder der gudder Verdeedegung d’Zänn ausgebass. Nennenswäert Chance goufen et kaum bis op dem Kodro sengem Kappball deen op de Potto gaangen ass. 

Déi zweet Hallschent hat bal esou gutt ugefaange wéi déi éischt wéi de Barreiro no gudder Viraarbecht vum Sinani op eng Kéier ganz aléng virum Sehic stoung mä de Ball net laanscht de Keeper brénge konnt. Wéi esou oft bestrooft dech de Fussballgott gäre wann s de deng kloer Chancen net era mëss. An der 56ter Spillminutt huet de Videobeweis den Arbitter manifestéiert dat dem Bohnert säi licht Zéien um Trikot vum Dzeko en Eelefmeter wäert ass. Bewisen huet de Ralenti dat den Dzeko mat alle Waasser gewäscht ass an esou eng Aktioun gären ausnotzt. Mä bon, wat soll d’Opreegung? Den Hadziahmetovic knallt de Ball iwwert de Goal vum Moris an et ass beim 1-0 fir d’Léiwe bliwwen. Ronn 10 Minutte méi spéit konnten d’Bosnier nach eemol geféierlech virun de Goal komme mä d’Aktioun wou de Ball de Potto koum war virdrunner scho wéinst Abseits ofgepaff ginn.

An der 73ter Minutt gewënnt dunn de Leandro Barreiro, dee gefillt iwwerall um Terrain ze fanne war, um Mëttelkrees en zweete Ball a schéckt den Danel Sinani. De bosnesche Keeper stoung ronn 30 Meter viru sengem Goal a kann net verhënnere wéi d’Lëtzebuerger Nummer 9 de Ball iwwert hien an an den eidele Goal hieft. D’Bier war geschielt an och 8 Minutte Nospillzäit konnten näischt méi um Score änneren.

Emotioun pur

D’Biller nom Match wéi de Luc Holtz op der Bänk setzt a kräischt beweise wéieng Laascht déi lescht Deeg op de ganze Grupp geleeën huet. Den Trainerstaff, d’Delegatioun an d’Spiller hunn sech déi ausgeloosse Feier am Hotel méi wéi verdéngt !

Lëtzebuerg ass domadder Tabellendrëtten a spillt am September de nächste wichtege Match heiheem géint Island. Dës Partie gëtt wuel déi allerwichtegst an dëser Kampagn, well se richtungsweisend ass. Wouhinner féiert d’Rees ons nach ? Dat ass eng sportléch Fro ob déi mir schonn op d’Äntwert um Terrain gespannt sinn.

Ginn déi richteg Léiere gezunn ?

Wichteg ass awer och dat sech deemnächst verschidde Partien ëm en Dësch setzen. Wéi geet et mam Gerson Rodrigues an der Nationalekipp weider ? De Spiller dee gëschter seng 28 Joer – wäit ewech vu senge Matspiller – gefeiert huet misst elo esou lues un de Punkt komme wou him bewosst gëtt dat de Fussball en Ekippesport ass, en eleng näischt erreeche kann a sech enger Struktur upasse muss. Am beschte Fussballalter muss hien sech entscheeden: léiwer mam Sportswonn duerch d’Stad ze düsen, Moudelabeln ze kreéieren a promoten a weider kannerech Spiichte? Oder séch op säi Kärgeschäft, de Fussball an eng professionell Hygiène de Vie, ze konzentréieren? Hie misst et jo eng Kéier léieren. Hoffe mir dat seng Entscheedung elo déi richteg ass, well de Luc Holtz wäert him sécher nach eng allerlescht Chance ginn. 

Och mam Vincent Thill a senger Famill muss geschwat ginn. Einfach esou ze verschwannen ass keng erwuessen a professionell Astellung. D’Lëtzebuerger Ziler däerfen net a Gefor geroden, an et ass eng Frechheet, seng Equipekollegen esou ze vernoléissegen. Trotzdeem dierft et jo keng Saach vun der Onméiglechkeet sinn, dass de Vicent zesumme mat sénge Bridder Olivier a Sébastien Thill nach emol d’Chance kréien, fir ons Rout Léiwen opzelafen – och ënnert engem Luc Holtz. 

Et geet schliisslech ëm de Lëtzebuerger Fussball ! 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.