source: www.tageblatt.lu
Den Nationaltrainer zitt onsen 3 Profi’en d’Oueren lang. Hien bemängelt hier Asätz wäehrend den zwee Mätcher géint Israël. Besonnëg kritiséiert hien den Aurélien Joachim, deen zwee Mol an der Paus ausgewiesselt gouf. De Lars Gerson schéint och nët déi bescht Kaarten méi ze hun. Am beschten kennt den Mario Mutsch nach eweg obwuel hien un dem engen oder anneren Géigegoal implizéiert war.
Ëch mengen : als éischt géif ech kucken waat ech falsch maachen. Den Joachim huet vrun der Duebelkonfrontatioun behaapt daat hien sëch zimlëch midd spiert. Ët wier bestëmmt besser gewiercht him eng Paus ze gönnen. No den Starpazen an der Cl an EC mam F91 an seng Ufäng am Profismilieu war et mei wei normal daat hien mol um Enn vum Rouleau war.
De Lars Gerson gett wuel nie en Holtz Liebling. No engem éischten Match geint Israel wou hien de beschten Lëtzebuerger war gouf hien “raséiert”. Mol nët als Awiesselspiller gouf hien gebrauch.
Schued daat den Trainer séng Schwächten hannert dem pseudo-versoën vun de Spiller verstopt.
Wéi a méngem Artikel geschriwwen: Lëtzebuerg kann et sech net erlaben, op Profien a Semiprofien ze verzichten. Basta! An do gesi mer dann, wat de Luc Holtz wirklech als Trainer drop huet.