Aserbaidschan, en onbekanntent Fussballland

Ons Jonge spillen de Freiden den 22 Mäerz am Kader vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint den Aserbaidschan. Um Pabeier ass d’Land aus dem Kaukasus sécherlech net den attraktiivste Géigner mä mir probéieren iech trotzdem an de Genoss vun dem Match ze bréngen.
Ass et nëmme bei de wéinegste Lëtzebuerger Fussballfrënn de Fall dat schonn nëmmen de Gedanken un en Lännermätsch d’Häerz zum schloe bréngt a Virfreed sech breed mécht, ass bei de meeschten de Géigener dat wichtegst. Bei Matcher géint Portugal, Frankräich an Holland ass jiddereen dobäi awer wann den Aserbaidschan…, (“Gesondheet !” “Ech hunn net genéitscht Stippi, ech liese grad mäin Artikel iwwert den Aserbaidschan …” ” Ech hunn dir jo gesot dass dë solls e Schall undoen !” ) kennt … mä grad do läit dir falsch. Den Aserb… also d’Land um kaspësche Mier ass ee flotte Géigner wann een sech e bësse fir en interesséiert.
Dat ass wéi mat der Vakanz. Wou läit de Ureiz a Portugal oder Holland ze goen ? Mainstream ! Scho gefillten dausend Mol do gewiescht. Wee kann da schonn op Facebook mat Instagramm Foto’en vu sech um Vëlo vrun enger Wandmillen oder beim Iesse vu Frikandele Punkten ? Genee, mir hunn ons verstan. Awer da maacht dat selwecht mol mat engem Bild vun engem Teller Duchbara oder mat iech op engem Päerd an de Bazardüzü als Hannerplang. Abenteuer pur !
Net grad sou ergeet et iech wann dir e Match vun onse Jonge géint den Aserbaidschan kucke gitt, awer bal.

quelle: wikipedia
quelle: wikipedia

Den Aserbaidschan läit zwësche Russland, Georgien, Iran an Armenien um Kaspësche Mier. D’Land huet ongeféier 10.000.000 Awunner, wat 20 mol méi mëcht wéi ons Awunnerzuel. Haaptstad ass Baku, säit dem leschten “Eurovision de la Chanson” och an onse Géigende bekannt. Virun 1991 war den Aserbaidschan Deel vun der UDSSR.

Am Joer 1992 gouf aserbaidschanesch Footballfederatioun, AFFA, gegrënnt. Zwee Joer méi spéit koum Affiliatioun an d’UEFA an an d’FIFA. Momentan spillen zwielef Clibb an der Premyer Liqası, a maachen de Championstitel ënnerteneen aus. Deen huet bis elo dem Neftçi Baku PFK ( bis Enn läscht Joer de Club vum Emile Mpenza) am meeschte geféiert. Gréisste Rival vum Hapstadklub ass de FK Khazar Lenkoran . D’Partien, Böyük Oyun (“The Big Game”) genannt, zwëschen deenen zwee Veräiner si vu Gewalt an Haass geprägt. Den ee representéiert den Norde vum Land an den aneren de Süden. An et schéint wéi wann se net esou gutt mateneen auskommen géifen.
Dozou muss een erwähnen datt de Khazar Lenkoran vum Entrepreneur Mubariz Mansimov am Joer 2004 gegrënnt ginn ass. De Mansimov, Billionnaire mat Haaptsëtz an der Tierkei, huet de Club mat senge finanziellen Hëllefen ënnerstëtzt an huet natierlech erwaard dat säi Club en Abo op de Championstitel mécht an och bei internationale Mätscher erfollegräich soll sinn. De “Chelsea aus Lenkoran” huet dëst bis elo awer nët ferdeg bruet. Et koum e Championstitel eraus a bei insgesamt 14 Europapokalmatcher ass nëmmen eng mickreg Victoire erausgesprongen. Bei Neftçi ass dëst schonn e bëssen anescht. An der laafender Championsleague Saison huet den Traditiounsveräin a Rekordchampion et bis an d’Groupephase gepackt a bei de sechs Konfrontatioune géint Inter, Rubin a Partizan konnten se 3 mol Gläich spillen.

Op Pyrotechnik am Aserbaidschan wuel e Verbriechen ass ?

D’Nationalequipe ass trotz de berühmten Trainer Carlos Alberto Torres an, säit 2008, de Berti Vogts net iwwert de Status vu Fussballentwécklungsland erauskomm. Et ass bal onnéideg ze erwähnen datt den Aserbaidschan sech nach ni fir en Turnéier qualifizéiere konnt. Aktuell leien se an der Weltranglëscht op der 118 Plaz, also 30 Plaz besser plazéiert wéi ons Jongen. Am September 2012 war dëst e bëssen anescht. Deemools huet nëmmen eng Plaz déi zwou Equipë getrennt. Lëtzebuerg loung op der 106 an den Aserbaidschan op der 107. Zum Thema Weltranglëscht huet den Luiz e flotten Artikel geschriwwen deen dir héi fannt

azerfoot
Bis elo sinn se zimlech gutt an d’Qualifikatiounsronn gestart. Lëscht Joer hunn se no der 3-0 Defaite géint CR7 a Co, 1-1 géint Israel gespillt an hunn mam 1-1 zu Belfast géint Nordirland de nämmlechte Score wéi d’Roud Léiwe gemeet. Dobäi muss een och de Match géint Russland erwähnen. D’Männer vum Capello hunn sech beim 1-0 doheem zu Moskau schwéier gedoe fir ze wannen. De Ball hatt réischt zum Schluss vum Match duerch een Eelefmeter de Wee an de Goal fonnt.

//www.youtube.com/watch?v=Nju3rFXuulQ

Trotzdem kann een behaapten dat den Aserbaidschan en zimlech gläichwäertege Géigner ass. D’Spiller spille bal all an hirem Championnat an hunn nieft dem “Börti” kee Star an der Equipe. Et kéint en vläit de Vaqif Cavadov als eng Aart Star nennen. De Stiermer ass beim ZSKA ausgebilt ginn, war mol fir en Transfert vun 1.5 Milliounen op Twente gaang mä spillt elo nees a senger Heemecht.

julien garroy lequotidien
julien garroy lequotidien

Lëtzebuerg huet réischt eng Kéier géint den Aserbaidschan gespillt an dat an engem Frëndschaftsmatch am Mäerz 2010. D’Partie goung mat engem 1-2 aus der Siicht vun onse Roude Léiwen zu Enn. Lëtzebuerg, deemools nach ënnert dem Guy Hellers, hatt an engem 3-5-1-1 gespillt. Vrum Joubert stounge Strasser, Blaise an Schnell. Am Mettëfeld hu Peters, Hoffmann, Jänisch, Kintziger a Mutsch gespillt. Als hängend Spëtz hat de Bettmer Plaz hannert dem Kitenge fonnt. Ons Jongen haten deemools immens vill Goalchancen a Ballbesetz mä et huet nach an der Offensive gehappert. Leider hatte mir awer och hanne mam Tom Schnell e Spiller dee ganz weit wech vu senger aktueller Form war. Eng schlecht Relance an e schlecht Stellungsspill vum Tom hunn den Azerbaidschaner et erméiglecht ons zwee Goaler eranzescheissen. De Strasser hatt zwëschenzäitlëch mat engem Fräistouss den 1-1 marquéiert. Et war ee vun deene Mätscher wou sécherlech méi dra gewiergt war.( Artikel aus dem Quotidien)

Wann een déi momentan Leeschtung vun onse Léiwe kuckt an se un den Niveau vum Match géint Armenien a Portugal eru kommen dann ass an dëser Partie méi dra wéi nëmmen eng honorabel Defaite.

Mir freeën ons schonn op de Match an hoffen iech geet et selwecht. Da bis e Freiden den 22ten Mäerz ! Mir wäerten um Dill sinn, wat ass mat iech ?

IMG_6610

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.