Sonndegmoien, den 2.Dezember 2012. Eigentlech wëll ech de Mëtteg meng Ekipp am lëtzebuerger Veräinsfussball op hirem Auswäertsmätch ënnerstëtzen mä
et huet hënnt geschneit, wann och nëmmen e bëssen, a lo waarden ech emol op eng SMS vun engem Responsabele vum Veräin, respektiv eng Notiz op flf.lu op de Mätch de Mëtteg iwwerhaapt ka gespillt ginn. Sou oder ähnlech geet et sëcherlech net just mir, mee och villen anere Supporter, grad wéi och Traineren a Spiller uechtert d’Land – vun der Nationaldivisioun bis erof an di ënnescht Divisiounen.
Fir d’Wieder ka keen eppes (nee, keng Angscht, ech wëll elo net iwwer de Klimawandel diskutéieren 😉 ) a wat d’Terrainen ugeet denken ech dass de lëtzebuerger Veräinsfussball am Verglach zu ville Veräiner am noen Ausland op ähnlechem sportlechem Niveau schon zimmlech verwinnt ass. Et muss en den Hiewel also enzwousch anescht usetzen wi bei den Infrastrukturen.
Eng Méiglechkeet, di mer relativ intressant schéngt, an iwwert déi ech mer elo puer Gedanke wëll maachen, wier déi de Kalenner ze reforméieren, an d’Saison net, wi bis elo üblech, vun August bis Mee, mee iwwert d’Joer, also beispillsweis vun Enn Februar/Ugangs Mäerz bis Enn Oktober spillen ze loossen.
Den éischten immense Virdeel wier, deen dësst hätt wier dass wiederbedéngt Mätchofsoen, di et momentan zu Lëtzebuerg quasi all Joer ginn, an Zukunft just nach absolut Ausnahmen wieren. Schnéi ugangs Mäerz ass natierlech net kategoresch ausgeschloss, mee awer vill méi onwahrscheinlech wi tëscht Dezember a Februar. Dëss Ofsoen si vir d’Supporter scho lästeg genuch, fir d’Spiller an Traineren, di sech di ganz Woch op de Mätch präparéiert hunn, an hire ganze Weekend op de Mätch ausriichten nach vill méi problematesch.
Och wat d’Präparatioun fir d’Saison ugeet, wier et vläicht eng intressant Alternativ iwwert d’Kalennerjoer ze spillen. Déi éischt Präparatioun vun der Saison, déi wou vill Spiller de Veräin gewiesselt hunn an d’Ekippe sech musse fannen, wier dann am Januar an am Februar – also zu enger Zäit wou wesentlech manner Spiller an der Vakanz sinn wi an de Summerméint. An enger Saison iwwert d’Kalennerjoer kinnt een de Championnat de Summer 4-6 Wochen, beispillsweis am Juli an August, aussetzen. Zu deem Zäitpunkt wier jo dann „just“ eng Paus di elo mat der aktueller Wanterpaus vergläichbar ass, also eng Phas wou wesentlech manner Transferten gemaach ginn, et also wahrscheinlech vill manner schlëmm fir Traineren ass wann d’Spiller au fur et à mesure di eng oder aner Trainingswoch verpassen wëll se an der Vakanz sinn.
Eng weider Konsequenz wier dass di decisiv Mätcher net méi am Mee wieren, mee am Oktober, wat Schüler a Studenten wuel gutt giff arrangéieren, well am Mee jo och traditionell Präparatiounsphas fir d’Examen ass. Virun allem awer giffen d’Decisiounen am lëtzebuerger Fussball net méi zum selwechten Zäitpunkt falen wi d’Decisiounen an den auslännesche Profiligen, respektiv der Champions League. Wann Diddeléng, Déifferdéng, Gréiwemaacher an d’Jeunesse Esch sech mussen d’Schlagzeilen mat Juventus Turin, dem FC Barcelona a Manchester United grad wéi natierlech och de Veräiner aus der Bundesliga deelen, geréit den nationale Fussball wuel oder iwwel e wéineg an den Hannergrond, wat am Oktober, wou u sportlechen Héichpunkten amfong kaum eppes ass, sëcherlech manner de Fall wier.
Ausserdem wier et, och wann d’Resultater vun de lëtzebuerger Veräiner an der Coupe d’Europe méi wéi zefriddestellend waren dëss Saison, wahrscheinlech e Virdeel fir d’lëtzebuergesch Veräiner wa se hier international Mätcher ugangs Juli an der Mëtt vun der Saison an net irgendwou mëtten an der Präparatioun kinnte spillen. Hoken un där Saach wier natierlech dass d’Veräiner, di duerch di ganz Qualifikatioun marschéieren, just eng kuerz Summerpaus am August hätten, mee ech denken dass een dat als Spiller oder Trainer fir e gutt Ofschneiden an der Coupe d’Europe gären a Kaf hëllt…
Wat mengt Dir dozou?
PS: Wi all Artikelen op huelse.lu ass dësst just d’Meenung vum Auteur selwer an net zwéngend déi vun der ganzer huelse.lu-Ekipp.
Et gëtt nach e Grond, fir iwwer d’Joer ze spillen: d’Schlussphase mam Championnat steht net a Konkurrenz zu den Halesportarten, déi jo meeschtens och am Abrëll/Mee hier Finalen hunn a Champion’e kréinen. Vun deem Standpunkt géif et och a Punkto Zuschauer vläicht eppes bréngen.
Donieft: mat der Coupe gëtt – esou laang de Spillmodus net geännert gëtt – hei am Land max. 32 mol gespillt (fir e BGL Ligue Club deen an d’Final kënnt). Dat wieren dann knapp 8 Méint, wann ee max. 4 Matcher de Mount spillt. Also: März, Abrëll, Mee, Juni, halwe Juli, halwen August, September, Oktober, November. Woubäi November fir mech schon ze spéit wier an ech denken mat 3-4 englësche Wochen, géif een Enn Oktober zum Ofschloss kommen mat 4 Woche Summerpaus. Dat muss dach absolut méiglech sinn. Op mannst fir eis héchst Liga.
Datt an Irland de Fussball méi attraktiv ginn ass, nodeems se op d’Joer emgestalt hunn, ass och nach en Argument, well denen hier Liga ass net vill besser wéi d’BGL Ligue.
An zur Summervakanz: do kann ee jo och vläicht soen, mir spille just all zweete Weekend, da ka jiddereen 7-10 Deeg fortfueren. Et ass ëmmer eng Saach vum gudde Wëllen. An et soll mer elo kee kommen, d’Gemenge wéilten net, datt am Summer um Terrain gespillt gëtt, well deen ugeséit gouf. Well dat géif ech munchen hei am Land och nach zoutrauen!
Ech sinn op alle Fall dofir, datt eng sachlech Grondsazdiskussioun doriwwer gefouert soll ginn!
Ëch géif esou eng Diskussioun begréissen. Ët ass souwiesou besser eppes ze probéieren wéi d’Situatioun déi momentan herrscht einfach esou ze acceptéieren.
//www.lequotidien.lu/les-sports/43228.html