Bonne Chance, Kasachstan!

„Der Terminkalender ist übervoll, da wäre Abhilfe nötig. Ob es aus sportlicher Sicht Sinn macht, zweimal gegen Länder wie Kasachstan, Andorra, San Marino oder die Färöer anzutreten, darüber kann man schon diskutieren”, sou den Här Löw géigeniwwer dem Kicker, dee wuel net ganz motivéiert ass, säi Weekend zu Astana ze verbréngen.

E wéineg verwonnert et mech schon, dass en Nationaltrainer fir manner Lännermätcher plädéiert, woubäi déi dach eigentlech oft schon esou di zousätzlech Schwieregkeet an hirer alldeeglecher Aarbecht hunn, dass se hir Ekipp sou selten beieneen hunn.

Egal, jiddereen huet e Recht op seng eege Meenung, vu mengem Standpunkt aus als Supporter vun engem Land „wie Kasachstan, Andorra…“ sinn ech natierlech anerer Meenung. Als sougenannte „Fussballzwerg“ am 21.Jorhonnert bleiwen engem schon an der Coupe d’Europe di ganz grouss Mätcher verwährt, di bis haut en Highlight an der Veräinsgeschicht vu ville grousse Lëtzebuerger Veräiner duerstellen, an et wier enorm schued, wann elo och nach giffen d’Lännermätcher géint di „Grouss“ verschwannen.

Och wann ech grondsätzlech guer näischt géint den däitsche Fussball hunn, (am Géigendeel, ech gi ganz gär Bundesliga kucken an hunn och kee Problem mat hirer Nationalekipp) wënschen ech de Kasachen alles erdenklech Guddes fir hir 2 Mätcher géint Däitschland e Freideg an en Dënschdeg. D’Diskussioun, op esou e Mätch „aus sportlicher Sicht Sinn macht“ – hätt dann, fräi no engem Virgänger vum Löw no engem 0-0(!) géint Island(!!) en „Tiefpunkt, niedriger Tiefpunkt und noch `n niedrigerer Tiefpunkt!“ erreecht…

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.