No engem 0-0 doheem géint den Aserbaidschan kritt Lëtzebuerg säin 2ten Punkt an dëser Compagne. D’Gläichspill geet u sech an d’Réih obwuel d’Roud Léiwen e bessen méi vum Match hatten. Aleng den Aurélien Joachim hätt keinnten 3 Goaler schéissen. Mat méi Réussite hätt ons Nummer 13 de Match aléng kennen entscheeden.
Erauszehiewen bleiwwen ënner anerem, nieft der gudder collective Leeschtung, den Chris Philipps an den Laurent Jans.
De Géigener war u sech zimlëch schwach, ausser enger Parade vum Joubert an engem Poteau Schoss an der éischter Halschent gouf et keng brënzlëch Situatioun an onsem 16 Meter. Wat en onser gudder Defensive uschreiwen kann an awer och dem schlechtem Spillopbau vum Vogts sengen Männer.
Mol kucken wat mir am Juni zu Baku géint den sëlweschten Géigener maachrn kennen. No dësem Match ass e weideren Punkt de Minimum.

Share: