Den üblechen Thema war alt erëm déi kleng Zuschauerzuel géint Aserbaidschan, woubäi et Quali-Matcher gouf an der Geschicht, déi nach manner Zoulaf haten. Och an den 80er oder 90er gouf et Matcher mat ëm déi 1500 Zuschaer (z.B. d’1-0-Victoire géint Tschechien).
Mä wann een an deem Punkt eppes wëll erreechen, da muss een an deem Punkt och aktiv schaffen an net just hoffen, datt sech d’Blat vum selwe wend. Iwwregens och e gudde Rotschlo un d’Veräiner am Land…
Ech sinn elo kee Marketingexpert, mä e puer Grondprinzipien op déi ee muss opbauen, kënne vläicht schonn hëllefen.
- 1. D’FLF misst emol Ursaachefuerschung bedreiwen, fir den Ist-Zustand an de Firwat erauszefannen, dozou gehéiert och einfach emol déi al, typesch lëtzebuerger Attituden wéi „dat war dach schonn ëmmer esou“ asw. emol faktesch ze beweisen oder eben ze widderleeën:
a. Soe mer mol, eng TNS-Ilres Etude duerch all Sozialschichte maachen, firwat Leit d’Nationalequipe net kucke ginnb. Eng intern Etude mat den eegene Veräiner maachen, fir emol ze kucken, wéi vill Leit aus de Veräiner iwwerhaapt nach d’Nationalequipe kucken a sech dofir interesséieren.
c. Den Afloss vun den TV-Medien op Zuschauerzuelen analyséieren. Leider huet RTL hei am Land eng Monopolstellung, mä d’Fro muss erlaabt sinn: wéi vill Leit kucke léiwer um Fernseh wéi um Stadion? Mir si kee grouss Land, et ass net wéi an Däitschland, wou déi wéinegst vun Hamburg op München e Lännermatch kucke fueren. Bei eis ass RTL menger Meenung no e Konkurrent an der eegener Saach, nämlech Zuschauer op de Stadion ze kréien.
- D’FLF muss sech duerno eng Zilsetzung ginn: z.B.:
a. fir déi nächst Campagne wëlle mer den Zuschauerschnëtt op iwwer 2000 hiewen
b. an den nächste 5 Joer wëll mer erëm méi Leit mat der Nationalequipe fideliséieren - Opgrond vun de Resultater vun deenen Analysen, muss d’FLF da konkret probéieren den Hiewel unzesetzen, Weeër auszeschaffen, d’Problemer déi aus Punkt 1 erkannt ginn unzeschwätzen a Weeër entwéckelen, wéi een d’Zielsetzungen aus Punkt 2 kann erreechen.
Dës Weeër aus Punkt 3 kéinten dann op folgender Lëscht un Iddien opgebaut ginn. Dës Lëscht ass beileiwe net komplett a ka gären ergänzt ginn:
- Fräibilljeeën a Schoulen, Lycéeën, asw.
- Sech bei der UEFA dofir asetzen, erëm Mëttwochs – Samschdes ze spillen (Weekends kommen traditionell méi Leit)
- Eng komplett Nei Präispolitik, ähnlech wéi dat hei:
a. „Topzuschlag“ bei grousse Matcher wéi géint Portugal oder Frankräich
b. Dumping-Präisser bei deenen aneren oder ganz klenge Matcher (25 € TriDeFa géint Aserbaidschan fannen ech eng Frechheet).
c. Dann ewech vum ale Lëtzebuerger Modell, bis 16 Joer fir näischt, duerno vollen Tarif. Wier et net besser, Tariffer fir Studenten, Schüler, Rentner, Behënnerter asw. Anzeféieren? Z.B. Hallef esou deier wéi den Normalpräis, oder nach méi bëlleg.
d. Gruppentariffer
e. Dës nei Präispolitik per Marketing de Leit kommunizéieren, z.B. mat engem fette Slogan, à la: „fir 30 € kënnt fir mat ärer ganzer Famill op de Match (* Famill mat 4 Persounen), oder „bréng déng Schoulklass fir zesummen 100 € op de Match fir d’Sensatioun ze packen“. - Méi attraktiv Biller liwweren. Eng Kamera op der Haapttribün filmt gréisstendeels eidel Gradins. Firwat net d’Haaptkamera op d’TriDeFa stellen an dann eng dach meeschtens voll Haapttribün filmen? Dat mécht schonn eppes aus géif ech mengen.
- Iwwerhaapt méi Präsenz an der Ëffentlechkeet weisen. Eis Equipe ass jo awer an trotz Israel an enger vun de beschte Phasen am Lëtzebuerger Fussball iwwerhaapt. Firwat net emol en Aurélien Joachim am Trikot vun de Roude Léiwen op engem grousse Plakat a Bushaisercher ophänken amplaz banal Plakater un d’Veräiner ze verdeelen?
- Firwat net emol, wéi fréier de Supporter Club Roude Léiw Huel Se den offizielle „Fan vum Joer“ vun der FLF wielen?
- D’Grënnung vun enger professioneller Fanbetreiung, iwwer déi een d’Leit ka fideliséieren.
- Méi Präsenz am Fanartikelberäich weisen.
- Och emol iwwer de Reespartner vun der FLF (aktuell jo Emile Weber) Auswärtsreesen laang genuch am Viraus zu engem verstännege Präis ubidden.
Et ginn dausend Iddien, déi ee just brauch ëmzesetzen. Mä ech denke virun allem, datt fir d’FLF wichteg wier, déi Analysen ze maachen a sech Zieler ze setzen.
>Ech géif eng Lotterie vun der FLF flott fannen wou se pro Match ee Veräin erauszéihen deen dann 100 Entreesbilljeen an zwee Busser zu Verfügung gestellt kreien fir op d’Areler Strooss.
> ech géif KENG Spiller ( och net vun zweet Equipen) um selweschten Spilldag wei e Lännermatch erlaaben ! Keen Abitter freistellen.
Iergendwéi war mer mäin eegenen Artikel elo bekannt virkomm 😉
//www.huelse.lu/209/marketing-geint-den-zuschauerschwund/
Dat sinn Saachen vun deenen mir schonn Joeren diskuttéieren.
Ech antweren muer heidrobber;)
Vill gudd Iddien!