Et ass mer am Kader vun den 2 Israel-Matcher opgefall, datt vun etleche Säiten iwwer d’Taktik vun eise Roud Léiwe geschwat ginn ass. Sief et vum Trainer selwer (4-2-3-1 als moderne System, deen offensiv ka sinn wann de Block kompakt steht), sief et vun den Experten vun ausserhalb (5-4-1, Jeff Strasser um RTL) an och an der Press goung driwwer riets, wéi eis Jonge sollte spillen. Defensiv stounge mer jo schlecht, d’Mëttelfeld huet d’Bäll net gehal esou datt den eenzege Stiermer kaum verwäertbar Bäll krut.
A grad beim Stuerm wëll ech dann elo “méng” Taktik ufänken virzeschloen an ze erklären: mir hunn aktuell fir e 4-5-1, 4-2-3-1 oder 5-4-1 mindestens ee gudde Stiermer ze vill, deen op d’Bänk muss. Deville a Joachim si Semi-Profi a Profi. Firwat déi zwee also net zesumme spille loossen?
An dann de Rescht vum System: et ass kloer, datt een net ka matt engem 3er-Mëttelfeld ka spillt, wat géif also bleiwen? E ganz traditionnelle klassësche britësche 4-4-2. A wann ech da kucken, wéi en Da Mota mëttlerweil no hanneschafft a wéi e Gerson kann e Match opmaachen, da kommen ech zu enger banaler, net vläicht ze banaler, folgender Opstellung (gelies vu riets no lénks):
Goal: Joubert
Déf.: Jans, Philipps oder Bukvic, Blaise, Schnell
Mëtt.: Mutsch, Gerson, Payal, Da Mota
Stuerm: Deville, Joachim
Esou leet et mer fir Leit wéi Peters, Bettmer asw. deet, mä dat do ass méng éischt 11 an engem 4-4-2. Mat 3 Semi-Profien (Philipps, Blaise,Deville) an 3 Vollprofien (Gerson, Mutsch, Joachim) a 5 Spiller, déi zu Lëtzebuerg awer schon quasi ënner semi-professionnelle Konditiounen an hiere Veräiner trainéieren (Joubert, Jans, Schnell, Payal, Da Mota / all Fola & F91) an em Bukvic, wou ech dervun ausginn, datt den FCD och um Wee Richtung System Fola & F91 ass.
An dann eng staark Bänk matt Laterza, Peters, Hoffmann, Bettmer, Hahm oder Oberweis a wien a méngen Aen och eng Kéier dohinner gehéiert ass z.B. en Tom Siebenaler, e Béischt fir säin Alter an dee Cleemenson vu Leverkusen an ähnlecher dierfen net vergiess ginn!
Wann esou e 4-4-2 kompakt (d.h. déi 2 Véirerketten säitlech versat no beieneen) steht an d’Mëttelfeld defensiv an offensiv Aufgabe kritt, wier dat guer net esou schlecht. Well konditionnell fannen ech, sinn eis Jonge gutt drop, sie hunn elo ëmmer locker physesch mattgehalen an haten esouguer an all deene leschte Matcher hier gutt Goalchancen géint der Enn vum Match oder op mannst an der 2.Halschent (egal ob elo géint Portugal, och wa mer do fréi 1-0 vir waren, wéi och zu Belfast, géint Georgien an 2x géint Israel).
//www.dailyrecord.co.uk/sport/football/football-news/luxembourg-chief-shocked-by-scotland-national-1386438
Heeschen déi Aussoen vum J.-J. Schonckert um Schluss vum Artikel, datt et besser wier, wa Spiller aus der Nationaldivisioun géifen Natioanlequipe spillen wéi Profien a Semi-Profien aus em Ausland? Ech hoffe jo, datt dat do schlecht ausgedréckt oder schlecht iwwersat ass, well soss stellen ech mer awer Froen.