Et hat alles sou schéin ugefang: ee respektabelt Resultat géint Portugal mat enger Leeschtung, déi ee Punkt verdéngt gehat hätt, an eng manner gudd Leeschtung géint Nordirland mee trotzdem ee Punkt erkämpft. D’Enn vun der Geschicht as bekannt: 9 israelesch Goaler innerhalb vu 5 Dee kasséiert, Euphorie verflun, Fans enttäuscht.
Virun allem am Virfeld vum Heemmatch géint Israel war eng Euphorie ze erkennen, déi ee sou scho laang net méi kannt haat: do goung rieds, dass géint Israel awer eppes misst dran sin. Trotz engem Historique géint dat Land, dat engem nëmmen Angscht konnt machen: 0:7, 1:3, 0:5, dat waren déi läscht Resultater am direkte Verglaich. Och de Nationaltrainer huet, ganz ongewinnt, seng Spiller an den héchsten Téin geluewt. Alles dat waren Unzeechen, dass dee Schoss nëmmen no hanne lass konnt goen, an sou koum et dann och. Wat allerdings no deenen zwee Matcher alles an der Press gelaf as, war nach bal méi traureg wéi d’Resultater aus deenen 2 Matcher! Dat betrëfft den Nationaltrainer, mee och Spiller an d’Press, déi Saache gesot hun, déi net ubruecht waren, an den Tenor war iwwerall méi wéi negatif.
Trotz allem heescht et elo net, d’Bengele bei d’Tromm ze geheien an alles schlecht ze rieden.Sëcher, dës zwee läscht Matcher hun esou guer net an déi Serie vu gudde Leeschtungen aus der Zait virdrun gepasst. Et däerf een elo net alles un desen 2 Matcher moossen. Israel war (a bleift) eisen Angschtgéigner, an déi 2 Klatschen missten jiddereen erëm mat de Féiss op de Buedem brengen; mir sin ëmmer nach “nëmme” Lëtzebuerg, an däerfen trotz der positiver Entwécklung vun de leschte Joeren nach emmer net mengen, mir kéinten eis mat deenen Groussen an Mëttelgroussen moossen. Do kënnt et also wéi geruff, dass elo – ofgesi vum Testmatch géint Schottland de 14. November – fir d’Nationalekipp Wanterpaus as, an jiddereen Zait huet, fir sëch seng Gedanken iwwert den unrühmlechen Oktober ze machen, ze analyséieren an ze selbstreflektéieren – den Trainer, d’Spiller, awer och d’Fans an d’Medien.
Mir haten eng immens jonk Ekipp um Terrain stoen – do huet also jiddereen nach Potenzial an Zait fir sëch ze verbesseren. Dës Ekipp kann nach eng Rei Joeren esou zesumme spillen an sëch besser zesummen aspillen, an ech denken, dass mir elo net musse wéinst 2 Ausrutscher alles schwaarz gesin. Elo as déi richteg Paus zum richtegen Zaitpunkt, fir no vir ze kucken an dann am nächste Joër rem do virun ze machen, wou mer am September ugefang haten!
Nawell !