Camille’s dog
Ët as nees esouweit. Auswäertsmatch Israël-Lëtzebuerg. 4 Deeg no engem 6-0 Debackel géint de sëlweschten Géigener. Vu daat Israël bal um anneren Enn vun der Welt läit sinn verständlëcherweis nët vill Supporter matgeflunn. An Hurra, den RTL iwwerdréit op hierem zweeten Programm. Ët gläicht engem Wonner ! Iergendwéi as ët ëmmer nees eng riesen Iwwerraschung wann “onsen” Sender aus friemen Länner Live Sportbiller iwwerdréit. D’Zuschauer freeen sëch well een sëch elo nët vrun den Komputer setzen muss an no iergendengem Livestream mat hebräischem Kommentar um weltwäiten Netz siichen muss. Dofir all op de Canapé a vrun d’ Flimmerkëscht. Waat ee Luxus fir d’Nerven an den Hënneschten.
Paradoxon Luc Holtz
De Laurent Schüssler analyséiert gëschter an haut am Wort relativ gutt, wéi de Luc Holtz sech alt selwer an d’Bredouille bréngt matt Aussoen vis-à-vis vun der Press an och dee Moment a Punkto Equipenopstellung. Ouni elo op den Detail anzegoen, hunn ech effektiv heiansdo den Androck, datt munch Opstellung vun engem Spiller (wéi e Freideg Bukvic & Philipps an der Zentralverdeedegung) einfach aus Aktionsismus gemat get oder vläicht fir esouguer der Press, déi vläicht gutt analyséiert, ze weisen wie Chef ass. Dat ass natirlech schwéier ze beweisen, fest steht awer, datt vill Leit vu bausse fannen, datt net ëmmer déi stärksten 11 um Terrain steht.
Huel se elo online
Ab elo si “mir” mat engem Blog iwwert d’lëtzebuerger Nationalekipp an de Fussball zu Lëtzebuerg online. “Mir”, dat sin momentan 5 Leit, déi sëch an deem läschte Joerzéngt duerch d’lëtzebuerger Nationalekipp an den M-Block kenne geléiert hun an kaum ee Match vun der Nationalekipp verpasst hun.