D’Resultater vun der EM Quali Auslousung ELO !

Haalt iech un, är Equip vun Huelse huet dat Onméiglëcht Méiglëch gemeet an kann iech haut den Owend, also zwee Deeg vrun der offizieller Auslousung, d’Gruppeverdeelung mat deelen. En aalen Indianersproch huet ons et erméiglecht, mat enger Wahrscheinlechkeet vun 99,99%, eng Auslousung duerchzeféieren déi d’Resultater vun der Zukunft schonn Haut erfirbréngen kann. Op enger geheimer Plaz am Osten vum Land huet en Matarbeschter vun Huelse.lu, déi geféierlech Aktioun duerchgefouert.
Huelse.lu huet dobäi kéng Méih a kéng Käschte gescheit an huet e quasi identëschen Kader zu der zukünfteger Zéihung zu Paräis gezaubert.
Esoubal d’Kanner vum Schréiwer vun dësen Zeilen am Bett loungen, ass dëssen datt alt Buch op de Spéicher sichen gangen an huet beim Opstellen vun den Dëppen déi ominéisen Wierder geschwaat déi ons an Zukunft propulséieren.
Nach schnell eng lusitanësch Fläsch Béier vun 25 cl opgemeet ( am Supermarché mat der Wüsteplanz a Promotioun) an déi éischt Schlupp erofgeschléckt, den Ament genoss wou op eng Kéier déi flott Souveniren vun der Auswäertsrees vu Coimbra eropgeschoss koumen an et goung las :

20140221-214503.jpg
D’Tête de série gi gewielt :
GRUPP A: Däitschland
GRUPP B: Portugal
GRUPP C: Holland
GRUPP D : England
GRUPP E : Griechenland
GRUPP F : Italien
GRUPP G : Russland
GRUPP H : Spuenien
GRUPP I : Bosnien

Momentan näischt spannendes mä d’Ruhm steet.

Datt zweet Dëppen ass un der Réih

GRUPP A: Däitschland- Belsch, d’Doudesgrupp annoncéiert sëch am Grupp A!
GRUPP B: Portugal- Schweden, CR7 géint Ibracadabra
GRUPP C: Holland- Ungarn
GRUPP D : England- Kroatien
GRUPP E : Griechenland-Ukraine, wetten datt mir héi erafalem ?
GRUPP F : Italien-Tschechien
GRUPP G : Russland- Dänemark
GRUPP H : Spuenien- Schwäiz
GRUPP I : Bosnien- Ireland

Drëtten Tour

GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien, de Zensemann mecht de Géck mat ons
GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël
GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien
GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei
GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien, déi lëtzebuergësch Grupp, wetten ?
GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen
GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen
GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich, gett interessant
GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei

Véierten Tour

GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien-Wäissrussland, momentan zwee absolut Favoriten am Grupp A.
GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël-Estland- och héi schéinen d’Rolle kloer verdeelt ze sinn.
GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien-Bulgarien
GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei-Lettland
GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien-Finnland, ons Grupp, wetten ?
GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen-Wales, Reesteschnësch eng wonnerbar Grupp
GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen-Montenegro
GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich-Armenien, domadder kéinnt e liewen
GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei-Schottland, Ireland a Schottland, déi mir net kreien…

Fënneften Tour vun der Auslousung. D’Spannung ass um klammen. Esou wéi den Alkoholpegel

GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien-Wäissrussland-Nord Irland, onsen néien Liiblingsgéigener an zwee Nopperen !
GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël-Estland- Azerbaidschan
GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien-Bulgarien- Georgien
GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei-Lettland-Island
GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien-Finnland-Mazedonien,…. WETTEN?!?!
GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen-Wales-Zypern, Draamgrupp mä fallen mir dodranner ?
GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen-Montenegro-Litauen
GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich-Armenien-Moldawien, géif en nach ëmmer mathuelen.
GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei-Schottland-Albanien

Sechsten an leschten Tour vun der Auszéihung, lo wësse mir gläich géint ween ons Roud Léiwen an der Quali spillen

GRUPP A: Däitschland-Belsch- Slowenien-Wäissrussland-Nord Irland- Färoër Inselen
GRUPP B: Portugal- Schweden- Israël-Estland- Azerbaidschan- LËTZEBUERG
GRUPP C: Holland- Ungarn- Rumänien-Bulgarien- Georgien-Gibraltar
GRUPP D : England- Kroatien-Slowakei-Lettland-Island-Malta
GRUPP E : Griechenland-Ukraine- Serbien-Finnland-Mazedonien-Andorra
GRUPP F : Italien-Tschechien- Norwegen-Wales-Zypern-Kasachstan
GRUPP G : Russland- Dänemark-Polen-Montenegro-Litauen-San Marino
GRUPP H : Spuenien- Schwäiz-Éissträich-Armenien-Moldawien-Liechtenstein
GRUPP I : Bosnien- Ireland-Tiirkei-Schottland-Albanien

20140221-214414.jpg

Also wann iergendeen en Zweifel un onsen Indianersproch hatt héi ass de Beweis datt et klappt : Lëtzebuerg spillt am Grupp B géint Portugal , Schweden, Israël, Estland an den Aserbaidschan. Zwee Superstars an dräi bekannte Länner. Geléngt ons eng Revanche géint Israël ? Wéivill Punkten kenne mir an dësem Grupp huelen. Komm mir warden léiwer de Sonnden of….

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.