D’Resultater vun der EM Quali Auslousung ELO !
Haalt iech un, är Equip vun Huelse huet dat Onméiglëcht Méiglëch gemeet an kann iech haut den Owend, also zwee Deeg vrun der offizieller Auslousung, d’Gruppeverdeelung mat deelen. En aalen Indianersproch huet ons et erméiglecht, mat enger Wahrscheinlechkeet vun 99,99%, eng Auslousung duerchzeféieren déi d’Resultater vun der Zukunft schonn Haut erfirbréngen kann. Op enger geheimer Plaz am Osten vum Land huet en Matarbeschter vun Huelse.lu, déi geféierlech Aktioun duerchgefouert. Huelse.lu huet dobäi kéng Méih a kéng Käschte gescheit an huet e quasi identëschen Kader zu der zukünfteger Zéihung zu Paräis gezaubert. Esoubal d’Kanner vum Schréiwer vun dësen Zeilen am Bett loungen, ass dëssen datt alt Buch op de Spéicher sichen gangen an huet beim Opstellen vun den Dëppen déi ominéisen Wierder geschwaat déi ons an Zukunft propulséieren. Nach schnell eng lusitanësch Fläsch Béier vun 25 cl opgemeet ( am Supermarché mat der Wüsteplanz a Promotioun) an déi éischt Schlupp erofgeschléckt, den Ament genoss wou op eng Kéier déi flott Souveniren vun der Auswäertsrees vu Coimbra eropgeschoss koumen an et goung las :