Ons Nummer 1 huet sech lescht Woch beim Training um Knéi verletzt an fällt, RTL Informatiounen no, bis zum Schluss vun der Saison aus. Hien feelt de Roude Léiwen also an den zwee Frëndschaftsmatcher géint Belsch an Italien an dem F91 Diddeléng an Endspuert vum Championnat an der Coupe.

Fir den Anthony Moris bedéit dëst wuel datt hien zu sengen éischten Matcher am Dress vu Lëtzebuerg kennt. De neo- Lëtzebuerger, zu Arel gebuer, féiert dann héischstwahrschéinlëch säin Début zu Genk géint säin Gebuertsland. Den 23 Joer ale Moris huet sëch an der lescht och a sengem Club, St-Trond, géint den langjäeregen Goalkeeper a Kapitän Davy Schollen duerchgesatt.

Dem Jonathan Joubert wënsche mer eng schnell Besserung an dem Anthony Moris vill Gléck !

Share: