Den FC Zorya Luhansk néie Veräin vum Chris Philipps ?
De lëtzebuerger Nationalspiller Chris Philipps steet virun engem Wiessel an d’Ukraine. Den FC Zorya Luhansk wéilt de polyvalenten Defensivspiller, deem säi Kontrakt Ënn des Joers ofleeft, an der Wanterpaus verpflichten.
D‘Legioun zitt ouni de Philipps wéider
Fir de Chris Philipps gehéiert d’Geschicht Legia Warszawa wuel geschwënn zur Vergaangenheet. Wéi d‘lëtzebuerger Sportmedien mellen reest de Lëtzebuerg Nationalspiller net mat an d’Trainingslager a soll sech e néie Veräin sichen.
Zar Olivier den éischten !
Verschidde Medieberichter no ass de Wiessel vum Olivier Thill bei den Ufa FC esou gutt wéi an drëschnen Dicher.
De Spillmaacher vum Progrès Nidderkuer wiesselt fir ronn 250.000€ an d’russësch Premier Liga, bënnt sech fir 4 Joër a gëtt den éischte lëtzebuerger am russësche Fussball ( de Mikhail Zaritski ass réischt no senger Ausbildung a sengen éischte Fussballeresche Schrëtt a Russland Lëtzbuerger ginn).
Olivier Thill op Ufa ?
Wei d’franséisch Editioun vum Wort op hirem Internetsite mellt wëllt den FC Ufa den Olivier Thill !
Pau neuve ?
Engem Bericht vun der République des Pyrénées no wier de Vincent Thill momentan, a bis en Donneschden, beim Pau FC (National) fir een Test.
Aus Iwwerzeegung
Ganz Fussballlëtzebuerg ass momentan liicht opgereegt wann et ëm de Ryan Johansson geet. De gréissten Deel Opreegung gëllt natierlech dem Faite dat de lëtzebuerger U19/U21 Spiller mam groussen FC Bayern München op Virbereedungs- an US Tuer war an do an de Matcher géint de PSG, der Juventus a géint Man City vill ze spille krutt. Et kënnt net oft vir dat e Spiller deen zu Lëtzebuerg ausgebildt gouf an duerch ons U-Auswahlen gaangen ass op esou engem Niveau ze spille krutt.