E sensationnellen Tosch an der Medienwelt steet wahrschéinlëch un. Wéi “Los Diarios Mexicanos” haut vermellt wiesselt de Camille Ney no der WM bei de mexikanëschen Fernsehsender “Televisa Deportes” an am Géigenzuch kennt d’Vanessa Huppenkothen op de Kierchbierg.
Dem RTL ass domadder e grousse Coup gelongen an hunn mam “Vanne Hupp” déi schéinsten Journalistin vun der WM op Lëtzebuerg gelackelt. Verséisst hunn se de Mexikaner den Transfert mat engem Cajot Battin, enger richtëger Lëtzebuerger Zôssis, zwee Entréesbilljëen fir de Betebuerger Parc an dem Recht vum Käptn Änder senger Crew.
Dem Camille Ney hunn d’Responsablen vum Sportsender eng Päischtcroisière vum Golf vu Mexiko bis an de Bermuda-Dräiéck an d’Wéiderféierung vu séngem musékalëschem Werdegang a Sicht gestallt. De “Capitano Andres e el Marinero Camillo” wäerten dann nächst Joër als Headliner um “el Carnaval de Veracruz” optrieden. Schon elo leeft hieren Hit “Una Cerveca” op etlëchen Radiosender a Mexiko rop a rof. Ouerenzéihen hu bestätëgt datt och déi mexikanësch Nationalekipp vrun hiere Mätcher op der WM sëch mat deem Lidd op déi drëtt Halschent astëmmen.
Fir d’Joffer Huppenkothen heescht dëst datt sie dem Camille Ney seng Plaz an der Lëtzebuerger Medienlandschaft anhëllt. Trotz der Sproochbarriere, d’Vanessa kann nieft dem spuenëschen e puer Brocken däitsch, gesäit RTL keng Problemer.
Den Programmdirektor vun RTL : ” Nee daat ass kee Problem, “Viva Vakanz” ass jo schonn spuenësch ugehaucht”. Deswéideren kritt se och bei der Iwwerdrohung vun der Nationalekipp mam Jeff Strasser kompetent Hëllef. De Fola Trainer ” Héier, dëst ass eng flott Saach fir onse Fussball, ech trainéieren lo schonn säit e puer Deeg um mengem “GOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOL”. Ech kommen schonn bis béi GOO, héier.” ( “Ech waarden !”… “Ob waat ?”… “Ma op de Goo…, du soss jo, héier. Ech waarden, also”… ” Héier, féier kéng op!”…). Als besonnëgen Léckerbissen plangt RTL während de Live-Matcher vun onse Léiwen e Bild am Bild mam Vanessa Huppenkothen. Am Slow-Motion.