RTL geschwënn “muy caliente”
E sensationnellen Tosch an der Medienwelt steet wahrschéinlëch un. Wéi “Los Diarios Mexicanos” haut vermellt wiesselt de Camille Ney no der WM bei de mexikanëschen Fernsehsender “Televisa Deportes” an am Géigenzuch kennt d’Vanessa Huppenkothen op de Kierchbierg.
Radio-Sport-Club mam Dan Da Mota
Dëse Freiden ( 14.12.2012) ass den Dan Da Mota am RTL Sport Club zu Besuch. Den Auteur vum schéinste Goal ( beim 1-2 géint Portugal) säit laangem oder besser gesoot de schéinsten iwwerhaapt an dem wichtegsten, beim 1-1 zu Belfast, an dëser Compagne huet bestëmmt genug z’erzielen. Ët heescht also eralauschteren. D’ Sendung fänkt um 13h30 un.