Lass geet et: EM-Qualifikation, Waissrussland am Stade Josy Barthel. Keen attraktive Géigner – mee ee machbaren?

Ee Kandidat fir d'Startformatioun: Dwayn Holter

Ee Kandidat fir d’Startformatioun: Dwayn Holter

De Luc Holtz haat sëch wuel och dem Xavi Alonso sain Debüt bei Bayern München ugekuckt. Deen haat sëch nämlech géint Schalke regelméisseg bis hannert d’Inneverteideger zréckfaale geloos, fir vun do aus d’Spill opzebauen. Déi selwecht Aufgab hat am Testmatch géint den FC Köln (1:1) den Dwayn Holter kritt: eng em déi aner Kéier huet een hie beim Spillopbau tëscht Philipps an Schnell (respektiv Malget an der 2. Halschent) eremfond an huet de Ball gefrot, während d’Ausseverteideger Jänisch a Laterza wait opgeréckelt waren.

 

Elo ee Roude Léiw? Chris Martins

Elo ee Roude Léiw? Chris Martins

Insgesamt war dëse Frëndschaftsmatch eng gudd (an noutwendeg) Preparatioun op den Optakt vun der EM-Quali (Méinden um 20:45 Auer am Stade Josy Barthel). No schwieregen Ufanksminuten, wou d’Spiller rem hu missen an de Rhytmus kommen an et vu Fehlpassen nemme sou gewimmelt huet, koumen d’Roud Léiwen emmer besser an de Match an hun och ouni Joachim a Mutsch flott no fiir gespillt. Eraus koumen eng Rei Goalchancen an natirlech och den 1:1-Ausglaich. Den 2:1 vum Maurice Deville gouf wéinst Abseits net unerkannt. Um Enn haat een d’Gefill, dass Lëtzebuerg de Bundesligist gudd am Grëff gehat huet, méi Goalchancen hat wéi de Géigner a wéineg zougelooss huet. Doniewt déi éischt Schrëtt vum Chris Martins an der A-Ekipp, deen sëch wéi et schengt elo fir Lëtzebuerg decidéiert huet. Eng gudd Saach!

Wann een u Waissrussland denkt, da kennt dem lëtzebuerger Fussballfan direkt een Numm an de Kapp: Fons Leweck. Et war bal wéi am Märchen: den demols 25-Jähregen feiert no Kraizbandrëss sai Comeback an der 2. Halschent, käppt an der 95.’ Minut den eenzege Goal vum Owend an domat déi éischt Victoire vu Lëtzebuerg an engem Pflichtmatch sait 1995. Dat ass elo scho 7 Joer hier a saitdem ass vill geschitt. Vun “deemols” iwwreg bliwwe sinn nach Joubert, Payal, Mutsch an da Mota; de Joachim war fir dee Match och net am Kader (hie verpasst kuriéiserweis elo sai 4. vu 5 méigleche Matcher géint Belarus). Mee och deemols huet d’Ekipp missen ouni hir Stamminneverteidegung an hire Profi auskommen: Jeff Strasser an Eric Hoffmann ware gielgespaart.

Mee zréck an d’Géigewart: d’Ekippe vun deemols hun op béide Saiten net méi vill mat deene vun haut ze din. Waissrussland huet an hire läschten 10 Matcher 3x gewonn (1:0 géint Japan, 5:1 géint Liechtenstein an 6:1 géint Tadschikistan), géint den Iran an géint Albanien 0:0 glaichgespillt, a géint d’WM-Teilnehmer Frankraich (2:4) a Spuenien (1:2) verluer; doniewt géint d’Türkei a Bulgarien allkéiers 1:2 verluer. Oppasse sollt een op de Sergey Krivets, dee sait kuerzem mam Chris Philipps zu Metz spillt: hien huet géint Tadschikistan 3 Goaler virbereed an ee geschoss, an och géint Bulgarien a Liechtenstein getraff. Doniewt hun si ee ganze BATE-Borisov-Block vu Spiller am Kader, déi also schon engegermoossen agespillt sinn.

Et gett op alle Fall interessant ze gesinn, wéi et den Owend ausgeet: wuel selte ware souvill wichteg Spiller verletzt an de vermeintlech schwaache Géigner esou staark. Mee vlait ass dat et jo grad, wat duerno den Ausschlag wäert ginn an fir d’Iwwerraschung wäert suergen?

Share: