Huelse-netsoueescht: D’Supporter op der Europameeschterschaft…
All zwee Joer, irgendwann tëscht de Barragemätcher (dat ass, wa 1492 Zuschauer verzweifelt zu Kanech no enger Parkplaz sichen) an der Qualifikatioun fir d’Coupe d’Europe (dat ass, wa viru 634 Leit am Nosbaumstadion zu Diddeléng d’Champions League Hymn ertéint) mutéieren op eng erstaunlech Manéier fir e Mount all Leit zu Fussballsexperten. Dat ass e Phänomen, dat een och, awer bei wäitem net nëmmen, hei am Land huet. D’soziologesch Fakultéit vun huelse.lu huet déi verschidde Supporter-Typen analyséiert a kategoriséiert, an ass elo frou Iech kënnen éischt Resultater vun eiser Etude ze publizéieren.
E Joer, zéng Matcher. De Bilan
E Joer, zéng Matcher. Den Huelse.lu Bilan vun 2015.
Dat aalt Joer geet zu Ënn an en neit steet vrun der Dier. Zäit fir e Bilan iwwert e Joer ze zéien wat villes gebueden huet an awer och vill Froen opstoe léisst. Nach laang kee schlecht Joer mä sécher kee richtungsweisend.
6 Minutten ouni Loft
Wéi schonn am Himatch hunn ons Léiwen an der éischter Halschent géint d’Slowaken mat hiere geniale Fussballspiller Weiss an Hamsik gelidden. Och am Josy stoung et no 45′ 0-3. 6 Minutte Blackout… An der zweeter Halschent huet ons Nationalekipp awer Charakter bewissen a waren engem historësche Resultat ganz no.
Spuenien – Lëtzebuerg 4:0
D’Roud Léiwe verléieren géint d’Roud Furie mat 4:0 – trotz enger gudder Leeschtung. Huel se! war natierlech mat a Spuenien…
Manic Monday – our fun day?
Just 3 Deeg nom Match géint déi iwwermächteg Spuenier stinn eis Roud Léiwe virum leschten offizielle Match an dësem Joer an dëser Campagne.
Zu Gaascht beim Lukaschenko
Sonndes owes, zwee Deeg virum Match an Wäissrussland, sinn mir zu fënnef (de Kevin, d’Liz, de Mich, de Sven an ech) mat der Lufthansa vun Frankfurt op Minsk geflunn, wou mir no aacht Auer ukomm sinn. Nodeems mir d’Passkontroll iwwerstan haten (d’Beamten hunn eisen Visum nach eemol mat der Lupp ënnersicht), sinn mir mat engem Taxi bei eist Hotel gefuer.