De Roud Léiw hat se bal!

Mir schreiwen den 8.September 2014, quasi genau ee Joer nom Exploit géint Nordirland, 6 Joer nom Exploit an der Schwäiz a 70 Joer minus 1-2 Deeg no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’alliéiert Truppen.

Et sinn awer och just 3 Méint nom 1-1 an Italien. A Lëtzebuerg – Wäissrussland huet fir eis Faarwe schonn dacks eppes versprach: 0-0 am Oktober 1995 an der 10-Punkte-Campagne, 1-0 zu Gomel am Oktober 2007, 0-0 den 8.Oktober 2010 an dann eben en 1-1 gëschter. 1 gewonn, 3 gläich, 3 verluer ass eng gutt Bilanz géint eng Equipe, déi awer just op Plaz 88 an der Weltranglëscht ass an trotzdem als Minimalziel huet, d’Play-Offs fir Frankräich 2016 ze erreechen.

Wat sinn d’Ursaachen? Läit er drun, datt mer am September/Oktober voll am Saaft sinn? A wéi wier et gaangen, wann eis 3 Stamm-Profien derbäi gewiescht wieren?

Den Optaktmatch an dëser EM-Qualifikatioun ass furios lass gaangen. Huet d’FLF a Persoun vum Nationaltrainer Luc Holtz an em President Paul Philipp virum Match probéiert op d’Euphoriebrems ze trëppelen, da muss ee sech froen, ob dat net esouguer eng gelongen Aktioun war. Wat net an der Ëffentlechkeet kommunizéiert gouf, war villäicht eben grad entscheedend fir déi 11 oder 14 um Terrain.

Déi iwwer 3200 Zuschauer – ouni Fräibilljeeën wiere ronn 2000 Fans eng “normal” Kuliss géint Wäissrussland gewiescht – hunn eng bärestaark 1.Halschent, esouguer éischter 60 Minutte vun de Roude Léiwe gesinn. Héichkaräteg Chancen en Masse, Direktspill no vir, heiansdo huet et geschéngt, wéi wann d’Wäissrussen net géife wësse, wat géif mat hinne geschéien. Déi eenzeg Fro déi ee sech muss stellen ass, wat deen een oder anere vun eise Stiermer geridden hat, fir hier zahlräich Chancen net eranzemaachen. De Gerson huet hinnen dunn zum Gléck awer gewisen wéi et geet, mat enger méi wéi verdéngter Féierung no enger phänomenaler Leeschtung virun der Paus.

Déi zwee ganz gutt Holter & Martins hu mat hire jonke Joren gewisen, wat an hinne stécht , mä no ronn enger Stonn huet sech vläicht bemierkbar gemaach, wat de jugendlechen Enthusiasmus ka verursaachen: duerch déi immens leeferesch Präsenz an der 1.Halschent huet d’Equipe ugefaang midd ze ginn an d’Wäissrussen kruten ëmmer méi vum Match, den Ausgläich war iergendwann eng Fro vun der Zäit an ass deemno och an der 78., zwar e bësse glécklech mat Hëllef vum Poteau, gefall. Dank Joubert sollt et awer beim verdéngten 1-1 bleiwen.

Zeréckzebehalen bleift och, datt de Luc Holtz säi Verspriechen, offensiv ze spillen, gehalen huet, onofhängeg vum Fehle vu Leeschtungsdréier. Et ass vläicht Spekulatioun, datt ee mat engem Joachim d’Kaz schonn an der Paus am Sak gehat hätt, mä sécher keng Spekulatioun ass, datt hien, Chanot a Mutsch ganz sécher déi richteg Leit gewiescht wieren, fir och nach déi lescht hallef Stonn ouni Schued iwwer d’Bühn ze kréien. A wann een dat bedenkt, muss ee fräi de Quotidien zitéieren: wann d’Wäissrusse mindestens Drëtt wëlle ginn, hu se mat Lëtzebuerg ee staarke Konkurrent oder si sinn net gutt genuch, fir Drëtten ze ginn.

A wann een a Betruecht zitt, datt d’Slowakai auswäerts an der Ukraine gewonn huet, déi nach fir d’WM an de Play-Offs u Frankräich gescheitert waren, da muss ee bal festhalen, datt an eiser Grupp vläicht mat Ausnahm vun der 1.Plaz alles méiglech ass, awer wierklech alles! Well just als Erënnerung: et ass nach net immens laang hier, datt mer Mazedonien an d’Slowakei geschloen hunn an eis Equipe ass säit deem nach méi staark ginn. An ouni vermiesse wëllen ze sinn, kann et sinn, datt mer aktuell vläicht déi beschte Lëtzebuerger Nationalequipe um Terrain stoen, déi et jee gouf. Vill manner opgrond vun de Resultater, mä virun allem duerch d’Aart & Weis, wéi mer Fussball spillen. Weider esou!

Roude Léiw – Huel Se!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.