Ee Fouss virun deen aneren

Déi éischt dräi Matcher vun der EM-Quali 2016 si gespillt – ee Punkt ass dobai erausgesprongen. Dat hat sech munchereen bestëmmt aanescht virgestallt. Wat fir eng Erkenntnisser kann een aus dem Optakt vun der Kampagn zéien?

Luxemburg - Spanien (Luxembourg vs Spain)Virun allem d’Erkenntnis, dass mer nach net esou wait sinn, wéi mer eis erhofft haaten. Ganz optimistesch Supporter hate jo well vun enger Qualifikatioun gedreemt – deen Draam ass méi séier geplatzt, wéi erwaard, a war natirlech och net realistesch. Mee wann een déi 3 Matcher Revue passéiere léisst, da kéint et elo och ganz aanescht stoen…

De Match géint Spuenien war ouni Zweifel deen, deen am kloerste war : géint den Ex-Weltmeeschter hate mir logischerweis keng Chance. D’Iberer hu gemaach, wat se hu misse maachen, a wann d’Roud Léiwen mol kuerz ebessen ze frech gi waren, dann hu si kuerz opgedréint an erem fir kloer Verhältnisser gesuergt.

Luxemburg - Weissrussland (Luxembourg vs Belarus)Dobäi hätt Lëtzebuerg – zumindest um Pabeier – souguer kéinten als Favorit an dës Parti goen! Wann een déi zwee éischt Matcher kuckt, hätt ee virum 3. Qualimatch mat 4 oder guer 6 Punkte virun de Spuenier mat 3 Punkte stoen. Dat wier nämlech net sou onméiglech gewiecht. Am Optaktmatch géint d’Waissrusse waren d’Chancen an der 1. Halschent do, fir 2-,3-0 a Féierung ze goen. Dee Moment wier Waissrussland wuel och net méi zréck komm.

A Mazedounie fällt den 1-0 op eng Manéier, wéi en eigentlech net däerf falen. Duerno weist d’Ekipp offensif déi Effektivitéit, déi géint Waissrussland nach gefehlt huet, an dréint de Match andeems 2 vun 3 Goalchancen era gin. D’Mazedonier hunn du schonn een Elefmeter an ee Sonndesschoss an der Nospillzait gebraucht, fir de Match ze dréien. Wann een déi defensif Kadoen net gemaach hätt, da wier och hei eng Victoire dra gewiecht.

Luxemburg vs 1. FC Koeln (Köln)A genau dat ass et, wat eis de Moment nach vum “ganz grousse Coup” trennt. Sou wéi déi 2 Matcher tatsächlech verlaf sinn, ware béid Resultater gerecht: géint Waissrussland haate béid Ekippen eng Halbzeit fir sech; och a Mazedonien waren d’Haushären amfong déi besser a méi geféierlech Ekipp – ee Remis wier eventuell och net geklaut gewiecht. Virun allem an der Ofwier fänke mer eis emmer nach onnéideg Géigegoaler, an an der Offensif weit een Ausfall vum Aurelien Joachim emmer nach ze schwéier. Mee dat alles ass net schlëmm – d’Ekipp ass jonk, huet Potenzial; mir hu vill Talenter, déi nach Loft no uewen hun an u sou Matcher wéi géint Spuenie wuesse kënnen. Et ass eng Entwécklung ze erkennen, an d’Nationalekipp verbessert sëch Stéck fir Stéck. Dofir musse mer ebe weider realistesch bleiwen, ee Fouss virun deen aanere setzen – an da kënnt de Rescht vun alleng!

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

One thought on “Ee Fouss virun deen aneren

  1. Paul 14. Oktober 2014 at 08:39

    Genau, déi Equipe ass verdammt jonk. Verschidde Spiller wäerte mer ënner normalen Emstänn nach 10-15 Joer am Dress vun de Roude Léiwe gesinn, do kann eppes richteg Grousses wuessen!

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.