Och wann de Luc Holtz den Aurélien Joachim nominéiert huet gesäit et net dono aus wéi wann onse beschte Stiermer géint d’Ukraine oplafen kéint.
Nodeems hien nees bei sengem Klub um Trainingsbetrieb deelgeholl huet schéinnt säi Muskelfasserress net auskuréiert gewierscht ze sinn. No sengem éischten Training hatt hien nees wéih an e Besuch beim Dokter soll der Deeg Opklärung bréngen.
En Ausfall deen engem positive Resultat de nächste Samsden géint d’Ukraine am Wee steet. Ons Leiwen bréichten, trotz den dräi Goaler an dräi Mätcher, dem “Auré” seng Kraft a séng Goalgeféierlechkeet fir géint den Anatolij Tymoschtschuk a seng Kameroden ze bestoën.
De Kader
Goal: Jonathan Joubert (F91), Anthony Moris (Standard/B), Charly Schinker (Remeleng)
Vertéidegung: Laurent Jans (Fola), Maxime Chanot (Courtrai/B), Mathias Jänisch (FCD03), Tom Schnell (F91), Eric Hoffmann (Jeunesse), Massimo Martino (Gréiwenmacher), Marvin Martins (Jeunesse), Ricardo Delgado (Jeunesse)
Mëttelfeld: Dwayn Holter (Greuther Fürth/D), Lars Gerson (Norrköping/S), Chris Philipps (Metz/F), Mario Mutsch (St. Gallen/CH), Christopher Martins (Lyon/F), Daniel Da Mota (F91), Ben Payal (Fola), David Turpel (F91)
Stuerm: Aurélien Joachim (CSKA Sofia/BUL), Stefano Bensi (Fola), Maurice Deville (Kaiserslautern/D), Antonio Luisi (FCD03)