Mir waren virum Match géint d’Ukraine virsichtlëch optimistësch a waren schlussëndlëch iwwerrascht wéi wéinëg ons, spillerësch, vum Weltranglëschte 19ten trënnt. E weltklasse Spiller, deen gëschter dräi Goaler ausgemeet huet.
Den Yarmolenko wäert de Lëtzebuerger nach lang an Erënnerung bleiwwen. Nët nëmmen well en dräi Goaler geschoss huet mä och déi Art a Weis wéi en se era gemeet huet. Den éischten misst den Dave Turpel als Lektioun huelen. “Wéi profitéieren ech vun engem chaotësche Moment am
géignereschen Strofraum ?”. Äntwert : Cool bleiwwen an dann an de Plafong donneren.
Kléngt einfach mä et muss en dann entweder schonn duerch sëllëg Strofraumbataille gange sinn oder aus engem daiëren, waertvollem Holtz geschnitzt sinn.
Déi aner zwee Goaler huet de rietsaussen, Robben-like, vum Strofraumeck mat lénks “enveloppéiert” a gemittlech an de Wénkel placéiert. Null Chance fir de Joubert.
De Spiller vum Dynamo Kiew huet séng Visitekart heigeloss mä et ass kaum ze gleewen datt e vun den üblechen Josy-Barthel-Scouts sëch et leeschte kann beim ukrainëschen Topveräin nom Spiller ze froën. Dee gesi mir bestëmmt demnächst bei engem Championsleague Veräin.
Zwee mol hatte mir, duerch den Dave Turpel, d’Méiglechkeet a Féierung ze goën. Déi éischt Aktioun war vun hannen propper erausgespillt ginn, de Bensi huet séng ganz Klass gewissen an dem Turpel de Goal um göllenen Tablett servéiert. Leider huet de Stiermer vum F91 net dovunner profitéiert an en Ukrainer huet op der Linn gekläert.
Séng zweet Méiglechkeet ass knapps lanscht de Poteau gangen wei hien, gutt geschéckt, ganz aléng op de Goal gelaf ass.
E wéider stramme Schoss ausserhalb vum Strofraum vum Turpel ass och lanscht de Goal geflunn.
Um Asatz an um Können läit et beim Dave net. Och gëscht huet hien eng gutt Leeschtung bruecht an et feelt nëmmen ganz wéineg fir zu enger fester Gréiss bei de roude Léiwen ze ginn. Mä och den Aurélien Joachim ass duerch déi Schoul gangen a gehéiert lo zu de beschte Stiermer an der Lëtzebuerger Fussballsgeschicht.
Et bléift leider dobäi datt mir en Aurélien Joachim, a Form, net ersetzen kënnen. Dem Spiller vum CSKA Sofia huet en ugesinn datt en zwee Méint net gespillt huet an him eng zwou Wochen gefeelt hunn fir nees a Form ze kommen.
De Match hatt, also, u sëch gutt fir ons ugefangen an ausser déi éischt 20 Minutten an der zweeter Halschent hu mir d’Spill mat dirigéiert an ons eng hellewull u Chancen erausgespillt. Géint eng, soit onbekannten mä dofir, ganz stark europäesch Ekipp spille mir e ganz equillibréierte Match wou déi zwou Säite vill Goalchance hatten. Der ganzer 14 ( dovunner e Lattentreffer) op der lëtzebuerger Säit. Et gouwe Compagnen do hatte mir der wahrscheinléch net esou vill insgesamt.
Och wa mir bis elo e puer Punkte laiegeloss hunn, kenne mir ganz houfrëg op déi Art a Weis wéi Christopher Martins a Co optrieden. Op lang Sicht kann e ganz optimistësch sinn.