3-8 Néierlag géint d’ukrainësch Supporter

Esou lang huet e sécherlëch nach ni gewart fir e Spillbericht ze liesen. Wenn dorunner Schold ass do däerfen sëch d’Lieser eng eegen Meenung bilden, déi eng soën et ass déi vum Autor vun dësen Zeilen wëll hien e Kabel verluer huet ouni deen hien kéng Foto’en op säi PC eroplueden konnt, den Autor gëtt dem Trainer Dubois d’Schold well deen bis haut verschwonnen war.

Awer alles no sénger Zäit.

Als éischt gi mir mol bal zwou Wochen, besser gesot op den 15ten November, zeréck. Do hunn um fréien Moien d’Supporter vun onse Roude Léiwe géint hier Ukrainësch Kollege zu Houschtert Fussball gespillt.
Mëtt Oktober huet en ukrainësch Matbierger, de Nicolas Zharov vun der Organisatioun LUkraine, op Facebook en Opruf gemeet a gefrot op mir eng Fanekipp op d’Been gestallt kréien fir e Match géint ons ukrainësch Homologuen ze maachen. Dunn hu mir relativ schnell alles organiséiert (Terrain, Ekipp, Uniform) a Samsdes um 11h konnt ët dunn las goën.

IMG_1264

De Match huet 2×35 Minutte gedauert, d’Ukrainer hatten eng zwanzëg Léit dobäi déi kicken wollten an nach gutt 30 Supporter an e Kamerateam vun engem ukrainëschem Sportssender.
Trotz engem ganz gudde Start vun onser Ekipp stoung et schnell 0-1 fir d’Gäscht an no 20 Minutten hunn ons Fuerwen den héishverdéngten 1-1 geschoss. Duerno hu mir awer ons Linn vermësse geloss an déi Kompakthéet vum éischten “Drëttel” war léider verschwonnen. D’Gäscht hunn dovunner profitéiert an zur Paus stoung et 3-1.
Den Trainer huet dunn entscheed op eng 3-5-2 Formatioun zréckzegréiwen. Dëst war awer ze héich gegraff an d’Ukrainer hunn dunn relativ schnell nach 2 Goler geschoss. Ons Ekipp huet sech dunn e bëssen zesummengerappt a krutte folgerichtëg en Elefmeter zougesprach deen och äiskal eragenetzt gouw.

De Misch freet sech iwwert säin erausgehuelenen 11Meter
De Misch freet sech iwwert säin erausgehuelenen 11Meter
IMG_1275
D’Ukrainësch Bänk

An der Schlussphas sinn dann nach wéider Goler gefall sou dass et zum Schluss 3-8 ausgangen ass.
Der gudder Stëmmung huet dëst awer net geschuet an et ass, nom Duschen an der Buvette wéidergangen. Déi drëtt Halschent ass dunn och grandios vun de Lëtzebuerger gewonne ginn.

IMG_1281

 

E grousse Merci un den Nicolas Zharov, den ukrainëschen Supporter, dem US Houschtert ( Installatiounen, Arbitterm Buvette, den Uruff an déi rumänesch Pizzeria ) an der FLF fir de Set Uniformen

 

D’Supporter vun der Ukraine hunn och e Video zesummengebastelt. Vun der 1ter bis 5ter Minutte huet en Auschnëtter vum Fanmatch.

 

 

INTERVIEW MAM LUDOVIC DUBOIS

“Um Béier net ze schloën”

Huelse :Herr Dubois, wéi kennt et datt dir nom Match verschwonne wart a mir réischt haut vun iech ëppes héieren ?

Ludovic Dubois (LD): Männi, komm mir net esou domm. Ech sinn en erwuesene Mann an ech si kéngem eng Erklärung schëlleg.

Huelse: Bei allem Respekt, dir wart jo schonn déi drëtt Halschent net méi do an hutt domadder d’Victoire um Glas net mat erliewt.

LD: Um Béier si mir einfach net ze schloën, datt stëmmt schonn an ech muss iech och soën datt dee Sieg mir vill bedäit. Watt fir déi aner Ausdauertraining ass ass bei ons de “Bingedrinking”. Dat vill Katzen huet sech gelount !

Huelse: Herr Dubois, et gi vill Rumeuren waat ärt Verschwannen betrëfft. Kennt dir ons dann, wierklëch, net erklären wou dir dru wart ?

LD: U sëch liesst dach souwisou kee Mënsch äre Blog, ech riskéieren jo näischt. ( Hëllt eng déck Schlupp aus sengem Flachmann) Da lauschter mol gutt no Béiw’chen. Du wees jo datt ech e bëssen an Asien ennerwee war, an dat net nemmen wéinst de Maisecher mä ech hatt jo och e bessen mat Fussball ze dinn. An e vu menge Kollegen vun dohannen war och um Match an huet mëch besicht. Ech ka mech nemmen nach drunn erënneren dat ech hien emamt hunn an zacki! ALLES Schwarz !!! Wéi ech dunn erwescht sinn sungs ech am Estadio Olimpico di Serravalle an hunn mat mengen Thai-Frënn den 0-0 vum Zwergestaat erlieft. Do war eng las, ech konnt esouguer mat menge Frënn an d’Vestiaire goën. Mat den San Mariner ze féieren hatt ëppes mä ech hu mech och gefreet datt d’Esten esou frou waren mëch a meng Begleeder ze gesinn. Anschéinend sinn ech och am héichen Norden bekannt. An déi Thailänner sinn och formidabel, hatten fir all Est e klengen Cado !

Huelse: ee Moment, dir wëllt mir erzielen datt dir zu San Marino zou iech kommt an iech mol net frott watt geschitt ass ?

LD: Du bass esou séiss Nemo. Wanns de esou wéi ech schonn an engem Zoo, plackëg um Réck vun engem Elefant, wackrëg gi bass oder um Ruder vun der Marie-Astrid um Mëttelmier da schockt dëch näischt méi.

 

Huelse: Zréck zum Fussball, wéi gessäit et dann elo an Zukunft mat iech an der Fannationalekipp aus ?

LD: Wéi soll datt ausgesinn ? Hunn dach eng propper Bilanz ! Ech machen wéider an d’Spiller probéieren iergendwéi mam Ball eenz ze ginn. Déi nächst Matcher stinn un. Mir spillen lo eng Serie vu Frënndschaftsmatcher. Ech sichen nach e Géigener. Am léifsten eng Poussinsekipp déi mat schéine Mammen ugereest kommen.

 

Huelse: Merci fir d’Gespréich

LD: As näischt mä nerv mech lo léiwer e  puer Méint net mat déngen dommen Froën do.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.