Gerson wiesselt bei GIF Sundsvall

www.gifsundsvall.se
www.gifsundsvall.se

De Lars Krogh Gerson wiesselt fir déi néi Saison bei GIF Sundsvall a bléift dem schwédësche Championnat also tréi.
Nodeems säi Kontrakt beim IFK Norrköpping ausgelaf war huet e geduet datt dem Gerson säi Wee éischter Richtung Süden a méi no vu Lëtzebuerg féiere géif.
Onse “Vikinger” schéint awer vun de Responsabel vu Sundsvall iwwerzeecht ze gi sinn säi Gléck wéider a Schweden ze sichen. De Sportschef Urban Hagblom huet och nëmmen luewenswert Wierder fir de 24 Jäeregen. “Interessant”, “Gudder Arbeschtsmoral”, “kreatif” a “Pass sécher” sinn d’Termen mat deenen de Lars Gerson beschriwwe gëtt. Ët gesäit also net duerno aus wéi wann hien geholl gi wier fir op der Bänk ze versaueren.
Dem Spiller selwer gefällt et zu Sundsvall gutt. Wéi hien op der Internetsäit vum Veräin erklärt, war hien am Dezember zu Sundsvall invitéiert an de Veräin huet e flotten Androck bei him hannerlooss. Lo géif hien sëch dorobber freeën séng néi Matspiller kennen ze léieren an d’Präparatioun fir déi néi Saison unzefänken. Wéider versprecht hien der Ekipp mat Asaatz an Erfahrung ze hëllefen fir d’Zieler vum Veräin ze ereechen.
Am Fall vum Opsteiger kann et sëch nëmmen ëm de Verbléif an der Allsvenskan handelen.

Wort-Informatiounen no gëtt et am Kontrakt, deen dräi Joer leeft, eng Klausel déi stipuléiert datt de Veräin engem Wiessel an eng europäësch Topliga net am Wee steet.

image
Steckbréif vum Veräin :
1903 gegrënnt
volle Numm : Gymnastik-och idrottsföreningen Sundsvall
Fuerwen : Blo-Wäiss
Stadion : Norrporten Arena (8500 Platzen)
Bekannte fréiere Spiller : Tonas Brolin
Distanz zu Lëtzebuerg : 2115 km

Trivia : gegrënnt gouf de Veräin 1903 vu Guttempler. Déi sëtzen sëch nieft der Briiderlechkeet an dem Fridden och fir d’Enthaltsamkeet vun Alkohol an Drogen an. 1920 gouf d’Nichterheetsgebot awer opgehuewen. Et ass also méiglëch ënnert normale Konditiounen Fussball zu Sundsvall ze kucken an engem Trip an den héische Norden steet näischt am Wee

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.