Duerch e groussen Asatz vun sénge lëtzebuerger Supporter ass den Dwayn Holter an Top 5 vum Spiller vum Mount Februar vun der SpVgg Greuther Fürth gewielt ginn.

Am Ufank vun der Woch hatte mir bei Huelse.lu d’Iddi onsem Nationalspiller beim däitschen Profiveräin en Zeechen vun Ënnerstëtzung ze schécken. Den talentéierten Mëttelfeldspiller kënnt bei de Kléiblieder momentan nëmmen bei den U23 zum Asatz an konnt säi Können nach nët bei de Profis ënner Beweis stellen. Duerch seng Asätz bei de Roude Léiwen huet de sympathësche Foussballsprofi awer eng Breed Fanbasis an der Heemecht gewonnen,déi dann och nët gezögert huet onsem Opruff nozegoën a massiv fir ons Talent ofzestëmmen.

D’Verantwortlëch vun der Spielvereiningung hunn nët schlëcht gestaunt wéi se d’Resultater vum Voting gesinn hunn an hunn dunn och entdeckt ween dohannert stécht. Wéi een bei hinnen um Site liese kann : “Überraschend stark hat im Februar-Voting auch Dwayn Holter abgeschnitten – obwohl der eigentlich für die U23 der Spielvereinigung aufläuft und keine Einsatzminute bei den Profis hatte. Aber: eine luxemburgische Fanseite hatte Wind von der Kleeblatt-Abstimmung bekommen und zur Wahl ihres 19-jährigen Nationalspielers aufgerufen. Immerhin wurde Dwayn Holter so in die Top 5 der Februar-Wahl katapultiert.“.
Gewonnen huet den Hesl, de Golkeeper deen säit Wochen mat enger staarker Leeschtung z’iwwerzeege wees.

E grousse Merci un d’Fans déi matgehollef hunn dat Zeechen ze sëtzen.
Bal 200 Likes fir eng Aktioun ouni Gewënnspill, déi nëmmen op d’Ennerstëtzung vun engem vun onse Jonge baséiert, verdéngt Respekt.

Luxemburg - Spanien (Luxembourg vs Spain)

Mir hoffen de Message ass beim Dwayn Holter ukomm a wënschen him vill Gléck fir de Recht vun der Saison.

Share: