De Ricardo Couto Pinto haat ee groussen Undeel un der Victoire vum FSV Salmrohr géint de Spëtzereider SC Hauenstein an der Oberliga Rheinland-Pfalz/Saar. Den 19-Jähregen, dee vum Luc Holtz jo d’lescht Joer am Testmatch géint Oberhausen zu sengen éischte Minutten am Nationaltrikot koum, huet beim 3:2 direkt 2x getraff.

An der 7. Minutt konnt hien een Abstauber zum 1:0 rasetzen, ier hien an der 82. Minut zwee Ofwierspiller emdribbelt huet an de Ball an de laangen Eck gezierkelt huet. De Ricardo kënnt des Saison schon op 13 Asäz an der 1. Ekipp vu Salmrohr. Niewt him ass nach ee weidere Lëtzebuerger am Kader: de Gary Kolkes (19 Joer) war wuel 3x um Bou dës Saison, gouf  awer bis elo nach net agewiesselt.

De Bericht vum Match fannt dir op fupa.net!

Share: