Ukraine – Lëtzebuerg 3:0 – näischt Zählbares zu Lviv

Et haat eppes vun Déjà-Vu: wéi am Himatch goufen et 3 Géigegoaler an eng ordentlech éischt Halschent. Trotzdem haaten d’Roud Léiwen deskéier, am Géigesaz zum Match am November, kee Punkt verdëngt.

Scho bal traditionnell huet de Luc Holtz mat senger Opstellung fir Iwwerraschunge gesuergt: de Stefano Bensi, bis lo an all Match vun deser Kampagn am Asaz, huet missen op der Benk Plaz huelen, genee wéi de Chris Philipps, deen och am Himatch géint d’Ukraine just Ersatz war. Béid haten am Testmatch géint Moldawien en Dënsden net hire beschten Dag erwëscht. Fir de verletzte Jähnisch stoung erwaardungsgeméiss de Kevin Malget niewt Chanot, Schnell a Jans um Terrain, während am zentrale Mettelfeld de Ben Payal, Dwayn Holter a Lars Gerson vun Ufank un gespillt hunn. Eenzeg Stuermspëtzt war den Dave Turpel, ennerstetzt vum Mario Mutsch an Dan da Mota op baussen.

Bei den Ukrainer souz den Timoshchuk ufanks just op der Benk; weider Verännerungen am Verglach zum Himatch waren Morozyuk fir Fedetsky, Rotan fir Oliynk a Kravets an der Spëtzt amplaz vum Zozulya. Och de vum Holtz gefaartene Yarmolenko sollt erem am rietse Mëttelfeld oplafen.

D’Schowto-blakytni wollten hirer Favoriteroll direkt gerecht ginn an hunn am Ufank de Ballbesëtz monopoliséiert. Op Lëtzebuerger Sait haat virun allem de Ben Payal d’Aufgab, fir d’Ukrainer am Mëttelfeld direkt ze attakéieren. No 6′ landt eng verongleckt Kappballdeviatioun vum da Mota am Korner – den uschléissenden ukrainesche Kappball geet laanscht de Goal. 3 Minuten drop dunn d’Szen vun der éischter Halschent: de Lars Gerson schéckt den da Mota mustergülteg an de Laaf, dee leeft alleng op de Goal duer a schéisst de Ball flaach lanscht de Keeper. De Ball rullt lues Richtung 0:1… mee spréngt onglecklecherweis vum Poteau erem raus! Dat wier et gewiecht, an et sollt an der éischter Halschent déi eenzeg nennenswert Goalchance vun de Roude Léiwe sinn. No enger Véirelstonn geet, op en neits no engem Corner, ee Flachschoss vum Shevchuk knapps lanscht dem Joubert seng Këscht. 3′ méi spéit kontert d’Ukrain, de Yarmolenko  brengt d’Flank op de Konoplyanka, deen aus 10 Meter fräi virum Goal driwwer schéisst. No 40′ blockt de Joubert een Distanzschouss vum Stepanenko aus gudd 30 Meter mam Knéi of.

Batter Szenen dunn kuerz nom Säitewiessel: vertéischt kritt de Mario Mutsch no engem Foul berechtegterweis eng giel Kart a verpasst domat den nächste Qualimatch am September géint Mazedonien. No engem Aworf an der 48.’ fällt eng Flank dem Kravets méi oder wéineger zoufälleg op d’Broscht a vun do kullert de Ball an de Goal – d’Féierung fir d’Heemekipp, ebëssen aus dem naischt. 10 Minute méi spéit kréien d’Lëtzebuerger de Ball no engem Konter net konsequent geklärt, an den agewiesselte Garmash käppt zum 2:0 eran. Kuerz drop awer d’Rekatioun vun de Roude Léiwen, wéi de Payal den da Mota um Plateau zervéiert, deem sai Schoss vum 16-Meter zwengt de Pyatov zu senger eenzeger Parad an dësem Match. Am Géigenzuch setzt de Yarmolenko eng Hereingab aus kuerzer Distanz derlanscht. An der nächster Aktioun ennerleeft dem Chanot ee kapitale Stoppfehler an de Yarmolenko leeft alleng op de Goal duer, sai Lupfer bleift awer ze harmlos. Battere Moment dann an der 73.’, wéi den Dwayn Holter an engem Zweekampf mam Fouss am Terrain henke bleiwt a muss vum Terrain gefouert ginn – fir hie kënnt de Chris Philipps eran. Hoffe mer, dass seng Verletzung net esou schlëmm ass, wéi et ausgesinn huet a vun hei aus gudd Besserung fir den Dwayn!

Een iwwerflëssege Géigegoal  hun d’Roud Léiwe sech dunn an der 85.’ gefaang: de Joubert klärt ee Versuch vum Yarmolenko am Strofraum, de Ball kënnt bei de Chanot, dee mat enger Pass am 16-Meter (!) de Konoplyanka zervéiert, deen ouni Problem zum Endstand treffe kann. Et kann ee bei allem Respekt wuel soen, dass sai Rondemschlag an der Press sech saitdem net grad förderlech op seng Leeschtungen um Terrain ausgewierkt huet…

An der 92.’ konnt de Kevin Malget een ukrainesche Konter in extremis ennerbannen, an an 94.’ krut de Seleznyov eng Flank vum Yarmolenko net am Goal ennerbruecht, sou dass et beim 3:0 fir d’Blo-giel bliwwen ass.

Stoungen d’Lëtzebuerger an der éischter Halschent defensiv a kollektiv relativ gudd, war offensiv allerdings bis op jeweils eng Chance pro Halschent fir den da Mota näischt zählbares dobai. Op enger Héicht mat Natioune wéi der Ukraine si mer nach laang net, an de positiven Trend vum Ufank vun der Kampagn schengt sëch leider erem ebessen no ennen ze bewegen.

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.