Joachim ass e Brewer !

De Quotidien an d’Tageblatt vermellen datt den Aurélien Joachim op d’Insel wiesselt.
De Stiermer hätt sech haut entscheed bei Burton Albion ze wiesselen. Vru kuerzem hatt ons Nummer 13 e Probetraining beim Jimmy Floyd Hasselbaink senger Ekipp absolvéiert an de Veräin war interesséiert de lëtzebuerger Nationalspiller z’engagéieren.

Fussball Länderspiel Luxemburg - Litauen
Burton Albion ass dem Aurélien Joachim seng véiert Profistatioun (Tilburg, RKC Waalwijk an Holland an den CSKA Sofia a Bulgarien). Aner Interessante wieren aus der belsch an Holland gewiescht.

image
D’Brewers (also d’Braumeeschter wéi de Klub genannt gëtt) spillen an der drëtthéichster englescher Liga.
Dëst ass déi éischte Kéier datt de Veräin vu Burton-upon-Trent an der League one spillt. Den Opstieg hu se sëch duerch déi éischte Platz an der League Two verdéngt.
Star vun der Ekipp ass ouni Zweifel den Trainer.

Jimmy Floyd Hasselbaink
Jimmy Floyd Hasselbaink

Den Holläner huet 1999 ( mat Leeds) an 2002 de Premier League Golden Boot gewonnen.
De Burton Albion FC dréit d’Matcher am Pirelli Stadium vrun 6912 Zuschauer aus.
image

Burton-upon-Trent läit Ronn eng 810km vu Lëtzebuerg eweg.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.