Vrun engem Dag huet den Nationaltrainer de Kader fir déi zwee nächste Lännermatcher bekannt ginn.
Nodeems de Joé Frising an den Anthony Moris, déi zwou Doubluren vum Jonathan Joubert, verletzungsbedéngt hu missen ofsoën gouwen zwee Keeper aus der Eierepromotioun nominéiert. Esouwuel den Andrea Amodio (Titus Péiteng) wéi de Valentin Roulez (FC Monnerech) spillen mat hiere Veräiner an der zweethéischster Klass am Lëtzebuerger Championnat.
Iwwerraschenderweis ass den Dwayn Holter nët derbei. Och wann hien momentan nach an der Opbauphas no enger Verletzung ass, huet een sech erwaart säi Numm an der Lëscht erëm ze fannen. De Luc Holtz huet de Profi vum VFR Aalen wéinst Manktum u Professionnalitéit net nominéiert. An de Gespräicher mat Verantwortlecher vum däitsche Veräin ass eraus komm datt déi zimlëch onzefridden mam Dwayn Holter senger Astellung sinn. Him gëtt virgeworf déi néideg Astellung net ze weissen an säi Verhalen an der Veretzungspaus gouw scharf kritiséiert.
D’Präsenz vum Maurice Deville war net erwaard ginn. De Stiermer hatt nämlëch gebieden net nominéiert ze ginn wëll hien déi nächst Wochen säi Fokus ganz op de Klub leeën wëll. Nodeems hien a sengem éischten zweete Bundesligamatch mam FC Kaiserslautern e Gol geschoss huet ( eng Minutt no senger Awiesselung an de Schlussminutt géint Union Berlin) wittert den 23 järegen d’Chance sëch am Profikader ze établéieren. Hien waert nëmmen als Back-Up nominéiert gi sinn an misst, wa kee sech am Stuerm verletzt, zu de Sträichkandidate gehéieren.
Manner iwwerraschend ass d’Nominatioun vum Luca Duriatti. De kléngen Edeltechniker vum Swift Hesper ass am gangen esou lues a lues ëmmer méi zum Stammkader dozou ze gehéieren. De Spillerprofil vum Mëttelfeldspiller gefällt dem Luc Holtz anschéinend ganz gutt. Bei sengen éischten Asätz hatt hien esouwuel den Trainer wéi och d’Zuschauer mat senge Fähegkeeten an Rouh iwwerzeecht.
Logësch schéinnt d’Nominatioun vum Sébastien Thill ze sinn.
De Mëttelfeldspiller vum Progrès war schonns fir de Frënndschaftsmatch géint St Trond nominéiert mä konnt wéinst enger Verletzung deemols net oplafen. D’Dier vun der Nationalekipp steet him also op, un him sech lo ze beweissen. Datt hien de Potential huet fir sëch duerchzesetzen zweifelen déi maansten.
Am Stuerm kann en sech iwwert déi ganz gutt Form vun Da Mota an Stefano Bensu freeën. Béid Spiller hunn d’Saison an der BGL Ligue richtëg gutt ugefangen a sti voll am Saft. Se zielen zu den Topspiller an Hoffnungsträger vun hiere Klibb.
Déi gréissten Hoffnungen laien awer sécher um “Retour” vum Aurélien Joachim. Onse Stiermer Nummer 1 huet an der lescht oft net matspille kennen an séng Goalgetterfähegkeeten hunn der Ekipp richtëg gefeelt. Nodeems hien de Kapitel Sofia ofgeschloss a sech dem Challenge England, mam Wiessel bei Burton Albion, gestallt huet, erwaarde mir eng Art “Néigebuert” vum Joachim. Am beschten mat Goler !
An der Defensive kenne mir ons freeën datt esouwuel de Chris Philipps, de Maxime Chanot, wéi den Laurent Jans zum Stammpersonnal vun hieren Ekippe gehéieren an mat der néideger Spillpraxis bei d’Nationalekipp kommen. Muss de Philipps sech zu Münster nach beweissen, gesäit et bei den zwee Belschlegionnairen anneschtes aus. De Maxime Chanot ass ondiskutabel zu Courtrai an de Laurent Jans zielt zu de gréissten Iwwerraschungen vum belsche Championnat. De Vertéideger vu Waasland-Beveren huet et esouguer schonn zwee Mol an d’Equipe Type gepackt.