De Samsden 5 September spillen ons Léiwen um 18 Auer am Josy Barthel géint Mazedonien an dräi Deeg drop steet den Auswärtsmatch a Wäissrussland um Programm.
No bal engem ganze Joer EM-Quali steet ons Nationalekipp mat engem Punkt op der lëschter Plaz vum Grupp C. Den 8 September 2014 hatte mir um éischte Spilldag Wäissrussland zu Besuch an trotz enger furiéiser éischter Halschent mat ville Golchancen hu mir et net färdeg bruecht déi dräi Punkten héiheem ze halen. Am Match drop, am Oktober a Mazedonien, huet et no 45 Minutten och ausgesinn wéi wann mir mat engem positive Resultat Heem fuere géiwen. Léider hatten déi meescht Zuschauer, um Ënn vum Match, an der “Nacionalna Arena Filip II Makedonski” duerch de Besart Abdurahimi e Grinsen op de Lëppsen. An der 92 Spillminutt hatt de genannte Spiller nämlech mat engem Sonndesschoss den 3-2 fir d’Heemekipp geschoss.
Bei de Matcher déi duerno koumen, hatte mir kéng Chance ëppes zielbares z’ereechen. 0-4 géint Spuenien, zwee mol 0-3 géint d’Ukraine an och an der Slowakei hatte mir mat 3-0 verluer. Mat vill Realismus hätte mir vläit nach géint d’Ukraine eng Chance gehatt ëppes ze rappen mä och do huet onst dat néidegt Gléck gefeelt.
No 12 Méint an nodeems mir all Géigener schonn um Terrain begéint sinn, kann een awer sécherlëch behaapten datt esouwuel Mazedonien a Wäissrussland Géigener sinn déi et ze packe gëllt. An dofir soë mir “Mir wëlle net bleiwe wat mir sinn”, mir wëllen no deenen zwee Matcher am September e Sprong an der Tabell gemeet hunn. Ongeschloën am September ! Weg vun der leschter Plaatz !
Ons Nationalekipp ass lo säit Joeren an engem Opwärtstrend mä léider spiegelt sech dëst, nach, net esou richtëg an de Resultater erëmm. Tabelleleschten wëll kee méi sinn an et ass lo un onse Léiwen fir ze liwweren. Mir gleewen drunn datt ons Spiller et färdëg bréngen an erklären iech firwat :
De “Retour” vum Aurélien Joachim
Ausser beim Heemmatch géint d’Ukraine wou hien an der 63′ agewiesselt gouw a bei der Néierlag zu Zilina huet den Lëtzebuerger Topstiermer all Match verpasst. A béide Matcher konnt een dem “Auré” séng Fähegkeeten net bewonneren. Géint d’Ukraine war hien ausser Form well réischt knapps vun enger Verletzung rétabléiert an an der Slowakei war et e kollektivt Desaster. Kéng optimal Viraussetzungen fir e Stiermer. Datt d’Episode CSKA Sofia eriwwer ass an datt hien zu Burton Albion lo mat engem Trainer zesummeschafft dee sëlwer en Topstiermer war wärt dem Joachim och ze gudd kommen.
Och wann et réng spekulativ ass, kënnt e schlecht dolanscht sech net firzestellen watt gewiescht wier wann den Aurélien Joachim bei den annere Matcher asatzbereet gewiescht wier. Säi Golinstinkt a säin Ofschloss hu sécher gefeelt.
De Maxime Chanot um Wee e richtege Patron ze ginn
Säit zwee Joer am Dress vum KvK Courtrai an indiskutabelen Stammspiller beim belschen Veräin an elo och nach Patron um Terrain. Bei der Nationalekipp gesäit et och duerno aus wéi wann hien dëse Posten hätt. Scho bei sengem eischten Asatz fir ons Nationalekipp huet de Chanot duerch seng enorm Präsenz, Rouh, sengem guddem Stellungsspill a Leadership um Terrain impressionnéiert. Mat der Zäit huet de Maxime Chanot sëch ganz kloër als Innenvertéideger Nummer 1 établéiert an jiddereen ass sëch eenz datt kee Wee lanscht hie kënnt. Léider huet hien sëch duerch medial Entgléisungen e wéinëg an d’Brënnesselen gesat an déi éischt Zweifel iwwert séng Féierungsqualitéiten sinn bei Medien a Fans opkomm. Déi scho bal legendär Pressekonferenz huet léider bal nëmmen fir Fragezeichen gesuergt an et fällt engem nach haut schwéier ze verstoën watt de Maxime deemols geridden huet. Séng Leeschtung kuerz duerno an der Ukraine an an den Ufanksminutten am Match géint Tiirkei huet ganz wuel ënnert dem “Lëppscht Skandal” gelidden. E richtëge Patron dierf wuel kloër och mol falsch entscheeden, him gëtt awer am schnellsten verziehen an e gëtt nees respektéiert wann hien op de richtëge Wee fënnt. Un him eng Léier draus ze zéihen an déi léscht Zweifel aus der Welt ze schaafen.
De Laurent Jans an Héichform
Dat de Laurent Jans zu Waasland Beveren ageschloën huet ass wuel datt manst watt e soë kann. Den Ofwierspiller, den säit dëser Saison Profispiller an der Belsch ass, gehéiert säit dem Ufank zur Stammeelef vu séngem néie Veräin. Bis lo gouf hien dräi Mol an eng vu Fans gewielten “équipe type” nominéiert an huet als rietsen Aussevertéideger och schonn eng Virlag ginn. D’Leeschtungskurv vum Talent vum Norden 02 wéisst eideutëg no uewen. Et ass impressionnant ze gesinn wéi e Sprong den 23 jäeregen a kuerzer Zäit gemeet huet. De Jans kënnt mat Spillpraxis a Selbstvertrauen ugereest, Hoffnungen säitens de Fans läien zu Deels och op sénge Schëlleren.
Abordable Géigener
Esouwuel géint Wäissrussland wéi géint Mazedonien hatte mir d’Chance de Match definitif zu onse Gonschten z’entscheeden. An der éischter Halschent am Heemmatch géint d’Wäissrussen sinn ons roud Léiwen ganz furiéis opgetrueden an hu sëch eng hellewull u Golchancen erausgespillt. Déi léider, bis op de Gol vum Lars Gerson, net verwert gouwen. Dat d’Wäissrussen deemols aus Frust kee Wodka an hiere Pausentéi geschott hunn loung um Onverméigen vun onsen Stiermer héischprozentësch Golchancen eranzeschéissen. An der zweeter Halschent hu si dunn d’Heft méi an d’Hand geholl a méi Drock op ons Defensive ausgeübt. Den 1-1 war demno nët geklaut.
A Mazedonien sinn ons Léiwen als éischt mat 1-0 a Réckstand gerodden eh Bensi an Turpel nach vrun der Paus de Match gedréiht hunn. D’Heemekipp war deelwéis ganz nieft der Plaque an et huet kee gegleewt datt Lëtzebuerg de Match nach verléieren kéinnt. Dem Holtz séng Männer hatten awer net vun deem Moment profitéiert Ball a Géigener kontrolléiert lafen ze lossen. Wee kann hinnen och béis sinn, esou Situatiounen kommen jo net heefëg vir. Dunn ass et esou komm wéi et alt da kënnt. De Géigener kritt en Eelefmeeter zougesprach, deen en natierlëch verwandelt an an der Schlussminutte verléiert en de Match duerch e Sonndesschoss. Esou batter hatten ons Léiwen nach net oft verluer.
Watt ons deemols gefeelt huet war de kloëre Kapp. Séif et vrum Gol oder an de Spillentscheedene Momenter déi richtëg Mossnahmen ze huelen.
Et ass e Fouermatch !
Datt menge mir lo net am Sënn vu Kiermesmatch um Terrain mä et geet ëm ons Fouer um Glaçis. Nët déi wéinëgst Fans vun der Nationalekipp freeë sech wann een Heemmatch an d’Fouerperiode fällt. Traditionnell trëffen sëch déi meescht scho Stonnen vrum Match op der Terrasse vum Schwarzwald Christel a stëmmen sëch mat Gesang a Gedrénks an. Déi éischt Fans wäerten scho géint 13:00 untreffen ze sinn ( de Match gëtt um 18:00 ugepaff). Onse Stammlokal, de Pacha an der Avenue du X Septembre, huet dëst Joer och an der Fouerzäit op an och héi wärten e puer Léit sëch versammelen.
Mä lo nees zum sportléchen Deel. Déi zwee lëscht Fouermatcher waren géint Nordirland a Wäissrussland. Wéi déi Matcher ausgange sinn wësse mir jo nach ze gutt. Mir sinn zouverzichtléch datt de Fouermatch 2015 och mat engem sportléchen Erfolleg ofgepaff gëtt. An hoffentlech si mir dann net méi dat wat mir sinn nämlëch Tabelleleschten.