D’Roud Léiwe verléieren géint d’Roud Furie mat 4:0 – trotz enger gudder Leeschtung. Huel se! war natierlech mat a Spuenien…
Eng ronn 30 lëtzebuerger Supporter hate sech op déi verschiddenste Manéieren op de Wee op Logroño gemaach. Déi eng ware mam Charter mat der Ekipp geflunn, anerer mam Minibus. Fir d’Ekipp vum Huel se! goung d’Reess mam Fliiger vu Frankfurt-Hahn op Santander, vun do aus mam Bus op Bilbao.
Amfong war et schued, dass de Match net do gespillt gouf – de “San Mames” ass nämlech e richteg flotten a moderne 50’000-Plaze-Stadion, och wann ee just duerch d’Gittere vu bausse konnt era gesinn. “Ech hoffe wierklech, dass dir gewannt” sot den Tio, dee knapps honnert Meter vum Stadion ee Mini-Athletic-Bilbao-Fancafé op engem Stroosseneck huet, a gebrachenem Englesch. Bilbao ass eng Stad déi Fussball otemt: op all Eck henkt ee roud-wäisse Fendel mam Athletic-Logo, oder ass eng Garagepaart an de Klubfaarwen ugestrach. D’la Roja, wéi déi spuenesch Nationalekipp genannt gëtt, ass am Baskeland net wierklech beléift. Net verwonnerlech, dass beim Athletic Club Bilbao just Spiller mat baskescher Ofstaamung enner Kontrakt stinn.
No zwou Iwwernuechtunge goung et, erem mam Bus, weider op Logroño, enger klenger Stad vun 150’000 Awunner, eng 100 Autominutte südlech vu Bilbao. Kuckenswäert ass hei d’Alstadt, wou sech an deene klenge Gaassen Tapas-Bar u Café reiht. An der Calla de Laurel hu mir dunn um Dag vum Match de spueneschen Enthusiasmus begéint: hei woren d’spuenesch Supporter an hire Landesfaarwe gekleed. Ee Mann mat Torerosoutfit huet um Mikro spuenesch Lidder gesong, déi aus enger mat Autosbatterien selwergebastelter mobiler Museksanlag geschaalt hunn; an der Polonaise goung et sou sangend engem blechene Stéier op Rieder no duerch d’Gaassen. Mir hunn d’Spuenier op eiser Reess als gutt gelauntent an oppent Vollek kenne geléiert.
Ebesse komesch war d’Stemmung am Stadion “Las Gaunas”, engem sympathesche Stadion vu 16’000 Plazen, deen ee sëch gudd zu Lëtzebuerg kéint virstellen, a wou normalerweis den UD Logroño doheem ass. Während den Iker Casillas bei all Ballkontakt beklatscht a bejubelt gouf, huet de Piqué sech bei all Aktioun misse Pëff vun der Majoritéit vun de lokalen Zuschauer unhéieren. De Verteideger vum FC Barcelona hat sëch viru Kuerzem fir eng Onofhängegkeet vu Katalounien ausgeschwat – dat war beim éischter pro-Madrid-orientéierte Lokalpublikum net gudd ukomm. De Casillas hat dogéint virum Match zum Zesummenhalt tëscht Supporter a Nationalekipp opgeruff. Wann de Manolo, spuenesch Fanlegend, net grad op seng Trommel geschlo huet, koum soss och relativ wéineg Gesank vun de spuenesche Supporter. Bestommt och, well d’Ordner penibel dorop opgepasst hunn, dass all Zuschauer op senfer Plaz sëtze bliwwen ass an net opgestan ass. Dat kruute virum Upëff och zwee lëtzebuerger Fans ze spiiren an hu misse virun d’Diir – no e puer Minuten hunn si awer rem dierfen op d’Tribün.
De Match selwer huet gewissen, wéi schwéier et ass, géint dës Spuenier ze verteidegen: emmer rem hu si de Wee fond fir eng déitlech Pass ze spillen oder de Géigespiller mat enger Kierpertäuschung auszespillen. Impressionant war och, wéi offensiv d’la Roja ausgeriicht war: bei engem Ugrëff waren alt mol 4-5 Spuenier am Strofraum. Wéineg verwonnerlech also, dass dee vum Joubert ofgeklatschte Ball dem Santi Cazorla virun d’Féiss gefall ass a sou kuerz virun der Paus den 1:0 schéisse konnt. Trotzdem hätten d’Roud Léiwen et verdéngt gehat, mat engem 0:0 an d’Paus ze goen – och wann d’Spuenier do schon déi eng oder aaner Grousschance ausgelooss haten. Op lëtzebuerger Säit hat de Stefano Bensi kuerz virdrun ee schéine Schoss lass geloos, dee leider lanscht de Goal goung.