Wéi geet et wéider, Dwayn ?

Nom Quotidien hunn den Vfr Aalen an den Dwayn Holter zesummen entscheed getrënnte Weeër ze goën.

Den 20 järëge Nationalspiller war Ufank der Saison vu Greuther Fürth a Bayern geléinnt ginn. Spillpraxis krutt hien awer guer kéng a konnt sëch an deenen puer Méint net duerchsetzen. Duerch eng Verletzung a Disziplinfeeler ( jugendlechen Leichtsinn) wärend der Reha war hien relativ beim Trainer Vollmann. Am Géigensatz vum Luc Holtz deen dem Holter nach eng zweet Chance ginn huet war d’Tendenz schnell kloër.

Wéi geet et wéider, Dwayn ? Kann hien Uschloss un eng profisekipp fannen oder kënnt hien an d’Ländchen zréck ? Duerch seng geréng Spillzäiten bei Klub a Nationalekipp ass hien wahrschéinlëch aus dem Fokus vun den Talentspäher gefall. Ob dem “Jeune Espoir” seng gudd Prestatiounen vu vrun sengem Wiessel nach am schnellliewege Fussball zielen ? Et muss e stark hoffen wëll den Dwayn Holter huet sécher méi drop !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.