Vum “Jeune Espoir 2014” zum “Footballeur du dimanche” – sou kéint een, iwwerspëtzt ausgedréckt, dem Dwayn Holter säi Wiessel zréck an d’BGL Ligue beschreiwen. Bleift et just bei engem temporäre Réckschrëtt?

Gilles Bettmer, Tom Laterza, Joel Pedro, Aydine Correia, Kevin Malget, …: d’Lëscht vu villverspriechende jonke Lëtzebuerger, déi am Ausland an de renomméiertste Futtballsschoule waren an de Sprong an d’Profigeschäft net gepackt hunn, ass laang. Elo wiesselt mam Dwayn Holter ee weideren Hoffnungsdréier aus der Nationalekipp zeréck an d’BGL Ligue. Den 20-jährege Mëttelfeldspiller ass 2012 vum RFCU Lëtzebuerg bei Greuther Fürth gewiesselt a war an der A-Juniore-Bundesliga Stammspiller. An der Saison 2014/15 krut hien ee Profiskontrakt beim Veräin aus der 2. Bundesliga an huet et 5x an de Kader vun der éischter Ekipp gepackt. Trotzdem war et fir den Dwayn net einfach, wäit wech vun der Famill an de Frënn. Fir Spillpraxis ze kréien, gouf hien am Summer 2015 un den VfR Aalen an d’3. Liga verléint – dëst sollt awer zum grousse Flop ginn, a bis op eng Nominatioun an de Kader um 1. Spilldag sollt sech all Spuer vum Holter op den Terrainen am däitsche Fussball verléieren. Duech Verletzungen an Ondisziplinéiertheeten haat hien net nëmmen bei “sengem” Trainer Peter Vollmann all Kredit verspillt, och vum Luc Holtz gouf hie lénks leie gelooss.

Elo also de Schrëtt zréck an d’BGL Ligue. D’Iddi ass, fir 6 Méint Spillpraxis ze sammelen a rem “op d’Been kommen”, ier et – theoretesch – zréck op Fürth geet an hie sech nei beweise kann.

2014 géint Iniesta - 2016 géint Thill, Dragovic oder Nakache

2014 géint Iniesta – 2016 géint Thill, Dragovic oder Nakache

Ma op et bei 6 Méint bleiwe wäert? Mam Choix vun der Fola huet den Dwayn sëch op alle Fall een ambitionnéierten Challenge gesicht: op senger Positioun am Fola-Mëttelfeld si Spiller wéi Dallevedove, Ronny Souto a Ben Payal ganz schwéier ze verdrängen. Op där anerer Säit ass d’Fola ee vun de Veräiner, déi vun den Trainingsmethoden wuel am noosten um Profiberäich dru sinn, a mam Laurent Jans huet jo réischt viru kuerzem een Amateur de Sprong an de Profiberäich gepackt. Eent ass awer kloer: sollt den Holter weider 6 Méint just op der Benk setzen, wäerten och déi Responsabel vu Fürth wuel kaum weider mat him plangen. Kloer ass och, dass et am Fussball oft séier ka goen – mol geet duer, an de richtege Matcher op sëch opmierksam ze maachen (Beispill Aurelien Joachim), mol kann een Trainerwiessel Wonner bewierken (oder och mol de Géigendeel), mol mecht eng Verletzung ee Strech duerch all Rechnung.

Op alle Fall ass et um Dwayn fir elo ze weisen, ob hien de Wëllen, Bëss an d’Disziplin huet, fir säin Dram vum Fussballprofi ze realiséieren, oder ob hie léiwer eng “roueg Klatz” virun eidele lëtzebuerger Tribüne spille wëll. Um Talent dierft et wuel net leien!

Share: