E Joer, zéng Matcher. De Bilan

 

E Joer, zéng Matcher. Den Huelse.lu Bilan vun 2015.

Dat aalt Joer geet zu Ënn an en neit steet vrun der Dier. Zäit fir e Bilan iwwert e Joer ze zéien wat villes gebueden huet an awer och vill Froen opstoe léisst. Nach laang kee schlecht Joer mä sécher kee richtungsweisend.

D’Zuelen

Luxemburg - Slowakei (Luxembourg vs Slovakia)Wéini, géint ween a wéi hunn ons Léiwen am Kalennerjoer 2015 gespillt ?

27.03.15 Slowakei – Lëtzebuerg : 3-0 EM-Quali

31.03.15 Lëtzebuerg – Tierkei : 1-2 ( Gol: Mutsch) Frëndschaftsmatch

09.06.15 Lëtzebuerg – Moldawien : 0-0 Frëndschaftsmatch

14.06.15 Ukraine – Lëtzebuerg : 3-0 EM-Quali

05.09.15 Wäissrussland – Lëtzebuerg : 2-0 EM-Quali

08.09.15 Lëtzebuerg – Mazedonien : 1-0 ( Gol: Thill) EM-Quali

09.10.15 Spuenien – Lëtzebuerg : 4-0 EM-Quali

12.10.15 Lëtzebuerg – Slowakei : 2-4 EM-Quali ( Goler. Mutsch a Gerson)

13.11.15 Lëtzebuerg – Griicheland : 1-0 (Gol : Joachim) Frëndschaftsmatch

17.11.15 Lëtzebuerg – Portugal : 0-2 Frëndschaftsmatch

Insgesamt 10 Matcher dovunner 7 Néierlagen, 1 Gläichspill an 2 Victoiren. 30% vun onse Matcher goufe also mat engem positive Resultat ofgeschloss. Ons Léiwe schéissen, statistesch gesinn, all zweete Match e Gol a kréien 2 Goler pro Match geschoss ( 5+, 20-)

De Mario Mutsch huet als eenzege Spiller 2 Goler geschoss, nieft him hunn Thill, Gerson a Joachim de Gol getraff. De Supermario kritt also de virtuelle gëllene Stiwwel.

D’Enttäuschungen

Wiessel an d’Risiken

Ee Joer fir ze vergiesse fir den Dwayn Holter
Ee Joer fir ze vergiesse fir den Dwayn Holter

D’Freed an der lëtzebuerger Fussballlandschaft war grouss wéi Holter, Joachim a Philipps e néie Veräin am Profifussball fonnt hunn. Den Holter, deen ëmmer nees kuerz vrum Duerchbroch zu Greuther-Fürth stoung gouf bei de VFR Aalen ausgeléint fir do Spillminutten ze sammelen, de Joachim wiesselt an d’League One bei Burton Albion fir d’Kapitel ZSKA Sofia ofzeschléissen an de Philipps verléisst den FC Metz nodeems d’Verspriechen hien zu engem Eckpfeiler vun de « Grenats » net ageléist gëtt bei den däitschen Traditiounsveräin Preussen Münster. Allen dräi kënnen mat hirem Bilan net zefridde sinn. No, ongeféier, 6 Méint bei hiren néie Veräiner ka kee richteg zefridde sinn.

Fir den Dwayn Holter ass den Ament de Beruff vum professionelle Fussballspiller e bësse méi wäit ewech. Nodeems hien no enger Verletzung a jugendleche Verhalensfeeler an der Reha vu sengem Trainer wéi eng waarm Gromper fale gelooss ginn ass versicht hie lo Spillzäit lo beim CS Fola zu Lëtzebuerg ze kréien. Greuther Fürth huet hien awer nëmmen ausgeléint an hie kéint am Summer nees zréckwiesselen.

Dës Saison wéineg Freed am Job: Chris Philipps an Aurélien Joachim
Dës Saison wéineg Freed am Job: Chris Philipps an Aurélien Joachim

Den Aurélien Joachim setzt zu Burton wann hie Chance huet op der Bänk, oft fënnt en säi Numm mol net um Spillbou erëm. Eng bizar Situatioun, déi ee vun hei aus net verstoe kann. Duerch eng Verletzung koum hien nëmme lues a lues zu senger Form zréck. Den deemolegen Trainer Jimmy Floyd Hasselbaink ( säit kuerzem duerch de Clough ersat) wollt de lëtzebuerger Stiermer onbedéngt an huet him am Ufank nach vill Hoffnung geneet. Leider kënnt hien nëmme sporadesch zum Asaz a muss gedëlleg op seng Chance waarden. Duerch den immens chargéierte Programm an England wärt déi bestëmmt demnächst kommen an da muss den « Auré » äiskal zouschloen.

Beim Philipps huet et am Ufank nach ganz gutt ausgesinn, an den éischte Partië war hien ëmmer gesat an et huet duerno ausgesi wéi wann hie mam Wiessel alles richteg gemacht huet. Dunn koum et awer e bëssen anescht. No enger rouder Kaart ( Noutbrems) gouf den Ofwierspiller gespaart. D’Ekipp huet duerno awer esou iwwerzeegend gespillt datt den Trainer de Lëtzebuerger op der Bänk gelooss huet. D’Adler hunn d’Hironn awer enttäuschend ofgeschloss an den Trainer gouf gewiesselt. Fir den Éislécker sinn d’Kaarten awer nei gemëscht an hie kann no der Wanterpaus nees richteg ugräifen.

D’Stiermerflaut

Maurice Deville (Luxemburg #21) ist enttaeuscht, frustriert, Entaeuschung, Frust, Emotionen nach vergebener Kopfballchance / Fussball, Freundschaftsspiel, Laenderspiel, Testspiel, Saison 2015-2016 / 17.11.2015 / Luxemburg - Portugal (Luxembourg vs Portugal) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
Ze oft hu sëch d’Stiermer missen un de Kapp faassen

2015 war net d’Joer vun onse Stiermer an der Nationalequipe. Och wa mir déi, fir lëtzebuerger Verhältnisser, gutt Ausbeute mat 5 Goler an 10 Matcher hunn kann e mam Rendement vun onse Stiermer net zefridde sinn. Vun deene 5 Goler gouf nëmmen 1 vun engem etabléierte Stiermer geschoss, de Joachim mat Siiggol géint Griicheland. Déi aner véier Goler goufe vu Mëttelfeldspiller geschoss. A vun all onse Stiermer ass den Aurélien Joachim dee fir deen et am Veräin am schlechste leeft. Deville an Turpel explodéieren an hier Veräiner mä treffen am Dress vun de roude Léiwen nach net genuch. Et kann ee wuel e Lännermätsch net mat engem Championnatsmatch gläichstellen a grad den Dave Turpel kritt beim F91 méi Golgeleeënheeten an trefft dofir esou oft. An awer erwaard een esou lues méi Killerinstinkt vun onse Ugräifer. Mir hu wéineg Goalchancen, kommt mir notzen se.

De Wäissrusslandmatch

Jo, dee Match bleift ons als schlechsten Erënnerung. Géint e Géigner deen an onser Reechwäit ass, hate mir ons einfach méi erwaard. Et huet e scho laang kee Match méi gesinn deen esou enttäuscht huet. Spiller déi duerch de Spaghetti Bolognaise Fiasko ( méi fannt dir ënnen) geschwächt sinn, eng taktesch Revolutioun am falschen Ament, am falsche Match dee richteg an d’Box geet. Et huet an deem Match wierklech näischt geklappt.

D’Geschichten

Surreal Pressekonferenz

Dem Maxime Chanot sëng "Sënn" an der Pressekonferenz
Dem Maxime Chanot sëng “Sënn” an der Pressekonferenz wäert him wuel vergi ginn

Ween oder wat huet de Maxime Chanot Enn Mäerz nëmme geridde ? No der verdéngter Néierlag an der Slowakei ( 3-0) an am Virfeld vum Frëndschaftsmatch géint Tierkei hëlt de Profispiller op enger Pressekonferenz op ee Mol géint d’lëtzebuerger Medien aus. Och Méint duerno kann een net verstoen wat hien domadder bewierke wollt a seng sortie médiatique huet sech an de Matcher duerno bei him och un der Leeschtung widdergespiegelt. Gutt datt et nëmmen eng Phase war, verstoe muss en am Liewe jo net alles. Patron war de Maxime scho virdrunner an dat Dank senger Leeschtungen. Et geet duer wann hien déi schwätze léisst.

Spaghetti Bolognaise à la Belarusse

E Spaghetti-Gate deen och an der auslännescher Press fir Wierbel gesuergt huet. 16 vun 20 Spiller déi kuerz vrun engem Match un enger Liewensmëttelvergëftung léiden, esou eng extra-sportlech Leeschtung suergt nawell fir vill Verwonnerung an Amusement. Jiddefalls huet dës Affaire de Wäissrusse gutt an d’Kaarte gespillt. Geplangt oder net.

De Comeback

De Payal, wéi mir e kennen
De Payal, wéi mir e kennen

Wéi soen se esou gären do iwwer vun der Musel ? Totgesagte leben länger ! Am Fall vum Ben Payal stëmmt dëst op jiddefalls. Duerch een ëmmer méi grousse Konkurrenzkampf mat jonke Spiller déi am Ausland spillen konnt en denken dat et fir de Fola Spiller ganz schwéier géif ginn. Ween hätt am Ufank vum Joer op de Ben Payal gewett ? Hien huet ëmmer gegleeft an huet roueg op seng Chance gewaart a se knallhaart genotzt. Wéi schonn esou oft. Ëmmer nees komme Spiller déi technëch verséiert sinn an sécher besser mam Ball ëmginn wéi de Payal. Duerch säin typeschen Terrierspillstyle huet hien awer en eenzegaartege Profil am Kader vun der Nationalequippe. Grätschen, Zerstéieren, Zoustellen, de Géigner nerven, all datt steet a sengem CV. Eng gudd Ekipp brauch ëmmer eng Dréckssau. Mir hunn de Ben Payal !

D’Duerchbrëch

D'Spuenier dreemen haut nach schlecht vum Lars Gerson
D’Spuenier dreemen haut nach schlecht vum Lars Gerson

Watt hu mir all gelaacht wéi mir de Spëtznumm aus der spuenescher Press gelies hunn. De Lars Gerson alias el Duro. Mä de Lars Gerson ass am Auswäertsmatch a Spuenien zu engem néie Spiller ginn an huet eng Präsenz entwéckelt déi e vun him virdrunner nach ni gesinn huet. Och an de Partien duerno géint d’Slowakei, Griicheland a Spuenien konnt en sech vun dëser Entwécklung iwwerzeegen. Geboost duerch seng Positioun bei Sundsvall ass hien och bei de Roude Léiwen zu engem Patron ginn an hëlt no all de Joeren déi Platz an an der mir hien all gesinn hunn.

Valeur sûre zu Beveren an bei der FLF: Laurent Jans
Valeur sûre zu Beveren an bei der FLF: Laurent Jans

Een anere Spiller deen sech an eng nei Sphäre gespillt huet ass de Laurent Jans. Den Aussevertéideger ass am Summer vun der CS Fola op Waasland-Beveren an d’Belsch gewiesselt an huet sech do bewissen. Stammspiller, Buteur, Passeur, Nominatiounen an verschidden « équipe type » …de Jans ass eng vun de Revelatiounen an der Jupiler Pro League. An dëst bestätëgt hien bei, bal, all Sortie mat der Nationalequippe. Eng Stutz vun der Ekipp an e Potential deen nach net ganz entwéckelt ass.

Martins an Thill, zwee fir d'Zukunft
Martins an Thill, zwee fir d’Zukunft

Wéi kéint en net vum Sébastien Thill schwätzen ? Direkt e Gol a sengem éischte Match. E Gol deen ons net nëmmen dräi Punkte schéngt mä och e Gol mat enger Klasse a Coolness déi nëmme wéineg Spiller besetzen. Kontroll mat der Broscht, Volley mat Lénks ! De Spiller vum Fc Progrès ass e vun de Spiller déi Differenz am 1 géint 1 maachen an och e Match entscheede kann. E Spiller deen ee vill méi oft an Aktioun wëll gesinn an dee méi Asätz kréie muss.

 

D’Iwwerraschunge

Entwéckelt sëch: Ricky Delgado
Entwéckelt sëch: Ricky Delgado

2015 hatt och zwou Iwwerraschunge parat. 2 Spiller mat deenen keen esou richteg gerechent huet déi awer richteg iwwerzeegt hunn. Zwee Spiller déi scho länger zum Krees vun der A-Ekipp gehéieren an déi ons mat hirer Leeschtunge positiv iwwerrascht hunn.

E vun deenen ass den Delgado. De Ricky Delgado huet esouwuel bei der Jeunesse Esch wéi an der Nationalequipe 2015 ageschloen. De polyvalenten Ofwierspiller gouf beim 1-0 géint Mazedonien vum Luc Holtz aus dem Hutt gezaubert an huet eng ganz gutt Performance als rietsen Aussevertéideger un den Dag geluet. Säitdem e Stammspiller-Kandidat bei all Partie

An op eemol war hien do: Kevin Malget
An op eemol war hie schnell do: Kevin Malget

Den aneren ass de Kevin Malget. De Spiller vum F91 krut am schwéierste Spill vum Joer, also a Spuenien, d’Vertraue’Vertrauen vum Nationaltrainer geschenkt a konnt duerch eng exellent Leeschtung iwwerzeegen. Zesummen mam Chanot bilden se e performanten Duo an der Innenvertéidegung an der dem Malget seng Schnellegkeet zum Virdeel vis-à-vis vu senge Kontrahente gëllt.

 

D’Hoffnungen 2016

2016 kéint d’Joer vum Christopher Martins ginn. De Kiki deen lo scho säit September 2014 fir d’Roud Léiwen spillt, also vu 17 Joer un, ass e richtege Rohdiamant.

De Vincent Thill: an noer Zukunft bei der A-Ekipp?
De Vincent Thill: an noer Zukunft bei der A-Ekipp?

De Spiller deen zu Lyon dem Top Niveau ëmmer méi no bruet gëtt an säi Schlëff kritt, ka sech gerecht Hoffnunge maachen bis zum Enn vun der Saison e bëssen Profiloft ze schnupperen. Wann de Mëttelfeldspiller an de nächste Méint säin Temperament nach besser an de Grëff kritt a seng Leeschtungsniveau weiderhin an d’Lut geet da ka näischt hien ophalen.

An dann ass do nach de Vincent Thill. De Mëttelfeldspiller vun der U19 vum Fc Metz gëllt als gréissten Talent beim franséischen 2t Divisionär. De Vincent Thill deen an der Vergaangenheet vun de gréisste Veräiner suivéiert gouf an nach ëmmer vu ville Scouts an Agent ugeschwat gëtt, huet e Kontrakt bis 2019 bei de « Grenats » a wéi soll wéi de Martins lues a lues zum Topspiller opgebaut ginn. De Brudder vum Sébastien Thill, féiert am Februar seng 16 Joer a kéint no Aussoe vum Luc Holtz demnächst an onser A-Ekipp zum Asaz kommen. E Rendez-vous op dee vill Léit waarden!

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.