Wéi en haut am Quotidien liese kann besteet d’Méiglechkeet dat den Aurélien Joachim am Wanter d’Burton Albions verléisst.
De lëtzebuerger Buteur deen am Summer op d’Insel gewiesselt ass kënnt bei de “Brewers” net zum Zuch. Den Trainer Nigel Clough huet an engem Gespréich mam AJ13 verlaude gelooss daat hien och an de nächste Méint nach an der sëlweschter Situatioun ass. Gronn wier daat d’Ekipp momentan ganz gutt fonktionnéiert, also “Never change a winning team!”. Mat 12 Asäz an engem Gol gehéiert de Joachim fir de Clough net zu de wichtëge Spiller.
Den Agent sicht also lo e néie Veräin fir de Joachim. Op Lëtzebuerg zréckkommen gehéiert net zu den Optiounen.
Déi nächst Wochen ginn also ganz interessant.