Joachim wiesselt op Bréissel

E puer Stonnen no sengem Fortgang vu Burton Albion huet den Aurélien Joachim beim Royal White Star Bruxelles e Kontrakt vun 1,5 Joer ënnerschriwwen.
Vun der drëtte englëscher Liga an déi zweet belsch, vun de “Brewers” an d’Land vum Béier.

Et ass awer wuel net dat gielt Gedrénks watt ausschlaggebend war mä de sportléche Volet waert dës Kéier einfach gestëmmt hunn.

De belschen zweetliguist ass momentan drëtten mat 9 Punkten Ofstand vum aktuellen éischten, Antwerpen. An der Saison 2016-17 gëtt de belsche Championnat reforméiert (D1A mat 16 Ekippen, D1B mat 8 Ekippen), dofir steigt dëst Joer och nëmmen den éischten an et muss en onbedéngt ënnert den éischten 8 bleiwen wëll e soss an den Amateursberäich fällt. Histoire belge,…

image
De Royal White Star Bruxelles ass sécher net de bekannste bréissler Veräin.
Gegrënnt gouf de Veräin 1948 als Kappelleveld Football Club an der Gemeng vun Evere a 1954 op Woluwé-Saint-Lambert als Woluwe Football Club geplennert.
2003 ass dem Veräin d’Montée an d’Division3 gelongen. No 8 Joer op dësem Echellon gouf de Veräin ( deemols nach Royal White Star Woluwe FC) Champion vun der D3 a ass an déi zweet Divisioun opgestiegen.

2013 war de Veräin kuerz virun der Faillite a konnt am leschten Ament nach vun engem Grupp vun Investoren aus Dubäi gerett ginn. Déi néi Proriétairen hunn, wéinst kommerziellen Grënn, de Club an Royal White Star Bruxelles ëmbenannt, de Veräin gouf an d’Gemeng vu Molenbeek transferéiert an deelt sech, no ville Streidereien, de Stade Edmond Machtens mam legendäre Veräin RWDM. Wéi lang dëst esou bléift ass nach net gewosst.
Och d’Finanzen vun den “Étoilés” sinn, wéi et bei de klenge belsche Veräiner üblëch ass, net ganz rousëg. Wéinst net bezuelten, oder mat Verspéidung bezuelten, Rechnungen krutt den RWS Bruxelles eng Transfersperr opgebrummt. Déi ass dëse Wanter eweggefall an dofir konnten se de Kinkela an de Joachim verpflichten.
Zuschauer fannen leider ganz wéineg de Wee an de Stade Edmond Machtens an d’Tribune Raymond Goethals (benannt no der belscher Trainerlegend) bleift oft uimlech éidel. D’Stëmmung bei engem Derby zweschen der Berdenia Berbourg an dem USBC01 ass wahrschéinlech vill besser wéi e normale Championnatsmatch vum RWS Bruxelles.

Fir sech an der néier Emgéigend ze festegen huet (béis Zongen behapten fir u Popularitéit ze gewannen an der Gemeng d’Messer un d’Broscht ze leeën) den RWS Bruxelles 2015 zesummen mat zwee lokale Veräiner, dem FC Académie Jeunesse Molenbeek an dem FC Molenbeek Girls eng Fussballsschoul gegrënnt déi ronn 1300 Kanner begréisst.

Nodeems den Aurélien Joachim mat senge Wiessel op Sofia a Burton méi negatives wéi positives erlieft huet ass et him ze wënschen dat de bréissler Veräin eng méi positiv Erfahrung fir onse Buteur duerstelle waert.
Mir hu kéng Zweifel datt hien d’Netzer an der D2 zum wackele bréngt a wënschen dem Aurélien vill Gléck !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.