Jon Legend !

No 10 Joer a 84 Selektiounen ass dem Jonathan Joubert seng Carrière als Roude Léiw zu Enn.

De Nationaltrainer, Luc Holtz, huet haut der Press matgedeelt datt den Anthony Moris néi Stammkeeper vun der Nationalekipp ass. Et ass domadder den Enn vun engem Kapitel lëtzebuerger Fussballsgeschicht.

De Jonathan Joubert war vun 2006 un déi absolut Nummer 1 am lëtzebuerger Goal. An deenen zéng Joer huet hien alles materlieft a war bei onse gréissten Amenter ëmmer de Garant fir de Succès.

Duerch seng Ausstrahlung, eng gewëssen Nonchalance, seng Stärkten op der Linn an seng Rouh a brënzleche Momenter huet hien gehollef der Nationalekipp e gesonden Ausgläich ze ginn.

Fir de Schréiwer vun desen Zeilen war dem Joubert seng schéinnsten Aktioun kéng Parade, kee gewonnen Een zu Een oder gehalenen Eelefmeter mä d’Freed vum “Jon” no engem gehalenen Wäitschoss an der Schwäiz. Et waren nach e puer Minutten ze spillen mä an deem Moment wosst een einfach datt mir dee Match gewanne giffen.

De Jonathan Joubert gehéiert ouni Zweifel zu de gréisste Keeper déi mir je hatten a waerten hunn.

Luxemburg - Weissrussland (Luxembourg vs Belarus)
Lo muss e nëmmen hoffen datt hien en würdegen Ofgang gebuede kritt. Am Oktober géint Schweden wier sécherlech eng flott Geléigenheet fir dat Fussballlëtzebuerg dem Jonathan Joubert “Äddi a Merci” soe kann.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.