Jon Legend !
No 10 Joer a 84 Selektiounen ass dem Jonathan Joubert seng Carrière als Roude Léiw zu Enn.
De Nationaltrainer, Luc Holtz, huet haut der Press matgedeelt datt den Anthony Moris néi Stammkeeper vun der Nationalekipp ass. Et ass domadder den Enn vun engem Kapitel lëtzebuerger Fussballsgeschicht.
Gusty Kemp, den éischte Profi
Gusty Kemp- image fc Metz
Haut vrun 98 Joer gouf e vun de wuel talentéiertste Stiermer vu Lëtzebuerg gebuer. De Gusty Kemp koum den 24 Februar 1917 zu Déifferdeng op d’Welt an huet seng éischt Bäll och an der “Cité du Fer” gestouss. Dem “Super Canonnier” séng Fäegkeeten blouwen nët lang e lëtzebuerger Geheimnis an den FC Metz huet aus him den éischte Lëtzebuerger Foussballsprofi gemeet. An 87 Matcher huet hien, sensationell, 63 Goler fir d’Grenats geschoss ! Trotz senge klénge Féiss ( et gëtt gesott hien hätt “35” am Schung gehatt) war hien dofir bekannt e gewaltëge Schoss ze hunn an och aus gréisserer Entfernung de Gol ze treffen.
D’Nummer 4 gëtt fräi
D’Journalisten hu sëch um Kapp gekraazt an d’Aen geriwwen. ‘Wou huet hien deen dann ausgegruewen?’ ‘Aus der 1. Divisioun?’ Domat hat wuel kaum ee gerechent.
Vergiessen Helden : Gilbert Dussier
De Gilbert Dussier war e lëtzebuergëschen Footballspiller deen am Laf vu senger Carrière vir verschidde Profisveräiner opgelaf ass.
Gebuere gouf hien de 23 Dezember 1949 zu Oïcha-Beri am fréieren Belsche Kongo.