D’Gespréicher an d’Rumeuren ëm de Vincent Thill seng Zukunft haalen net op.
Ons Talent hätt am Summer jo bekannterweis scho bei den FC Bayern München wiessele kënnen mä den Transfert ass un der Oflosssomm geschéitert an den FC Metz huet dem Vincent Thill och e flotte Projet dohinner geluet. Sou dat de Spiller mat sengen Elteren sech fir e Verbleib beim Louthrénger Veräin entscheed huet.
D’Internetsäit Fussball Transfers well eraus fonnt hunn ( //www.fussballtransfers.com/bundesliga/supertalent-thill-bayern-hat-nicht-aufgegeben_70135 ) dat dem Vincent Thill säi Lieblingsveräin nach ëmmer Interessi hätt an am Summer nees een Ugrëff starte wéilt.
Nieft dem däitsche Rekordmeeschter huet och een anere Weltveräin sech beim Spiller gemellt. Vru puer Deeg huet keen aneren wéi de Zinedine Zidane sech perséinlech per Telefon gemellt. Real Madrid, déi bis 2018 keen transfert tätege dierfen, géiwen de Mëttelfeldspiller gäeren duerno u sech bannen.
Ob d’Galaktesch nom “Ødegaard-Fiasko” als richtege Veräin fir ee jonke Spiller gëllen ass eng aner Fro. Vill Talenter waerten sech dräi Mol iwwerleen an d’spuenesch Haaptstadt ze wiesselen.
Grad e Spiller deen esou gutt beroode gëtt wéi de Vincent Thill. Et waert awer och vill vun der Saison vum FC Metz laien. Spillen d’Grenats nächst Saison wéiderhinn an der Ligue 1 wärt sech net vill fir de Vince änneren. Steigt de Veräin of wäert e Wiessel bei een annere Club wahrschéinlëch ginn. An och dann schwätzt villes fir e Wiessel bei een Top-Club mä bestemmt nach net vun der Groussenuerdnung vu Bayern oder Real !