Youn Czekanowicz Nummer 2 géint Oranje !

Wéi RTL gëschter scho bericht huet, wäert de Youn Czekanowicz d’Nummer 2 am Goal vun de Léiwen géint Holland ginn.

No der Verletzung vum Anthony Moris an der “net-Selektioun” vun der fréierer Nummer 1, Jonathan Joubert, huet de Staff ëm de Luc Holtz sech entscheed de 16-Järege Czekanowicz fir d’éischte Kéier an den A-Kader ze nominéieren.

De Goalkeeper aus der Reserve vu La Gantoise huet seng éischt Schrëtt um Stéck beim FC Wooltz 71 gemaach, ier hien mat 12 Joer bei d’Alemannia Ooche gewiesselt ass.

No Oochen koum Bayer Leverkusen, dann den FC Bruges a säit dëser Saison d’Reserves-Equipe vun de “Buffalos”. Beim belschen Traditiounsveräin ass de Youn Czekanowicz de 4 Profi-Keeper an der Hierarchie, wat mat 16 Joer schonn net schlecht ass.

De groussgewuesse Keeper ass zu Wolz op d’Welt komm, kéint esou wuel fir Lëtzebuerg wéi Polen oplafe mä et schéint esou wéi wann de Czekanowicz an Zukunft fir säi Mammen- a Gebuertsland oplafe wäert.

D’Fussballspilleläit dem Youn duerch säi Papp de Mike Czekanowicz (iwwregens och schonn zu Lëtzebuerg gebuer) am Blutt. Den Ofwierspiller huet ënner anerem beim FC Wooltz 71, der Cebra an dem Sporting Mäerzeg gespillt.

Mir gratuléieren dem Youn Czekanowicz fir seng Nominéierung a begréissen hien an der Famill vun de Roude Léiwen !

 (Foto: FC Bruges)

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.