Am Flow bleiwwen a gewannen !

Aurelien Joachim mat voller Konzentratioun

Haut den Owend gëllt et d’Leeschtung vun e Samsde géint Frankräich ze bestätegen an endlech nees e Match ze gewannen.

Um 20:00 ass de Cap Vert zu Hesper op Besuch an och wann den afrikaneschen Inselstaat eng Ronn 60 Platzen besser an der Weltranglëscht wéi ons Léiwe positionnéiert ass, duerfe mir ons Erwaardungen héich schrauwen an op e gewonnene Match hoffen.

D’Kapverden maachen momentan eng zimlech schwéier Phase duerch. 2016 konnten se vun 6 Matcher nëmmen e Match, geint den absoluten Underdog Sao Tomé a Principe mat 2-1, gewannen. D’Euphorie vun de leschte Joeren schéinnt sech bei hinne geluecht ze hunn. D’Blo Haien kommen awer net op Lëtzebuerg fir geschluecht ze ginn mä fir den Trend emzedréihnen. Bis lo hu sech déi zwou Equipen dräi Mol gemoss an sech ëmmer mat engem Gläichspill getrennt (2002 (0:0),2008 (1:1) an2014 (0:0).

Den Aurelien Joachim freet sech nom 1-0 géint Griecheland… dat war 2015 de leschte gewonnene Match

Dem Luc Holtz seng Männer hunn am leschte Joer zwar um Pabéier e Match gewonnen (3-0 Albanien wéinst engem Formfeeler) mä um Terrain hunn ons Léiwenfir d’läscht den 13.11.2015, mam 1-0 géint Griecheland, als Gewënner an d’Douche gaangen.

Trotzdem gewanne mir d’Gefill dat et bei onser Equipe einfach leeft. Déi lescht Performancen géint Schweden (0-1), Holland a Frankräich (zwee Mol 1-3) an net ze vergiessen den 1-1 a Wäissrussland an den traumatësche Match a Bulgarien (3-4) waren a verschidde Beräicher esou staark dat een sech géint Gäscht vun haut eng Victoire erwaarden daerf. Wettwn dat och d’Spiller selwer deen Usproch hunn.

Vu dat beim nächste Lännermatch den Trio Da Mota, Philipps a Joachim gielgesparrt feelen, kann de Luc Holtz haut fir den Holland Match prouwen. Ob den Nationaltrainer awer dofir ganz op hier Qualitéite verzichte waert an ons domadder e méiglecht positivt Resultat a Gefohr bréngt, gleeft e kaum. Vu dat mam Chanot a mam Moris scho zwou Stäipe feelen ass et quasi onméiglëch dat alle dräi guer net ze spille kreien.
De Match géint d’Franzousen waert bei verschidde Spiller seng Spueren hannerlooss hubn. Onse Kapitän, de Mario Mutsch, deen nach vrun e puer Deeg e Mo-Darm Infekt hat wäert wahrscheinlech och net vun Ufank u spillen.
Spiller wéi Carlson, Mahmutovic a Bohnert déi et esou just net an d’Equipe e Samsde gepackt hatten waerten sech haut beweise kennen.

Ka sech gutt Chancen ausrechnen vun Ufank un ze spillen, Gerson Rodrigues

Ons méiglech Opstellung:

Schon- Jans, Mahmutovic, Malget, Carlson – Bohnert, Kiki Martins, Philipps, Gerson R.- Thill, Turpel

Interessante Fakt: d’Kap Verden hu bis lo an hierer ganzer Geschicht nëmmen géint dräi europäesch Länner gespillt (Malta, Portugal a Lëtzebuerg), soss waren hier Geigner all vum Afrikaneschem Kontinent.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.