Am Flow bleiwwen a gewannen !
Aurelien Joachim mat voller Konzentratioun
Haut den Owend gëllt et d’Leeschtung vun e Samsde géint Frankräich ze bestätegen an endlech nees e Match ze gewannen.
Um Wee zu engem 3-5-2 ?
Enger RTL-Info no spillen ons Roud Léiwen muer vläit an engem ganz ongewinnten 3-1-4-2. Déi taktësch Ausrichtung déi hei gemengt ass, ass wahrschéinlech den 3-5-2. Déi kann een nawell zimlëch schnell an en 5-3-2 ënwandelen wann en a Bedrägnis geréit. Beim 3-5-2 spillt en mat dräi fixe Vertéideger, deen an der Mëtt kann d’Roll vun engem “Libero” iwwerhuelen an déi aner zwee sinn Innenvertéideger.
D’Fënnefermettelfeld besteet aus engem defensivem Mettelfeldspiller, zwee zentrale Mëttelfeldspiller an zwee offensiven Mëttelfeldspiller. Déi dräi “zentral” mussen d’Mëttelfeld zou machen an d’Heft an d’Hand huelen. Déi zwee offensiv Aussen mussen e nawell zimlëch lafintensive Job machen wëll se de Wee no vir sichen mä, ganz wichtëg, och de “Couloir” no hannen zoumachen.
D’Stiermer kennen sëch bei engem optimale Match op vill Flanken vun de Säite freeën. Bei engem méi starke Géigener muss en mol an der Mett mathellefen mä den aneren dierf sëch roueg méi héij halen.
Den Avantage vun esouenger Formatioun ass datt en de Géigener zimlëch héij hale kann an am Mëttelfeld schnell an Iwwerzuel ass an en esou kompakt stoë kann.
Den Désavantage ass datt en richtëg kompakt stoë muss an en vulnerabel iwert de Säiten ass. Spillt een, wéi muer, géint e ballsécheren Géigener deen schnell no vir spillen kann muss d’Ëmschalten vun der Offensive an d’Defensive zimlëch schnell ergoën well en soss schnell e Konter fänke kann.
Ët geet nees las !
Dëse Mëttwoch fänkt déi néi Saison vun onser Nationalequip mam Frënndschaftsmatch géint Kap Verden un. Déi drëtt Konfrontatioun mat den Inselen ass den éischte Match am néien Futtballsjoer an zielt schonn zu den Virbereedungsmatcher fir ons EM-Quali. Zwee Mol hu mir bis elo géint de Cabo Verde gespillt, zwee Mol hu mir ons mat engem Gläichspill getrennt. ( 2002 : 0-0, 2008: 1-1).
D’Kap Verden hunn säit 2008 awer e sportléchen Sprong no vir gemeet. D’Blo Haien hunn 2013 et ferdeg bruet sech fir d’CAN ze qualifizéieren an sëch dann do bis an 1/4 Final gespillt. An der FIFA-Weltranglëscht ginn d’Männer vum Lucio Antunes op der 27ter Plaz gefuert. Also 93 Plazen virun onser Nationalequip.