Ech laafen der Konkurenz net fort

Chris Philipps dementéiert LW Artikel op huelse.lu

De lëtzebuerger Nationalspiller vum FC Metz dementéiert d‘Informatioun vum Lëtzebuerger Wort datt et fest steet dat hien am Wanter de Veräin wiessele soll.

Duerch d’Transfert‘en vun de Mëttelfeldspiller Mandjeck (Sparta Prag) a Milicevic (La Gantoise) koume Rumeuren op dat de Chris Philipps kéng gutt Kaarten méi beim Trainer Frederic Hantz hätt.

Fir den Eislécker sinn déi Wanterakäf awer kee Problem: „datt de Veräin no der schlechter Hironn de Kader verstärke well ass ganz normal an och richteg“.

Och wann hien an de läschte Matcher net méi esou oft zum Asatz koum, krutt de Philipps des Saison esou vill Spillminutten wéi nach nie bei de „Grenats“ an ass vum Ufank un am Grupp vun de Profi‘en derbei.

Trotzdem mecht e kämpferësche Chris sech ëm seng Zukunft Gedanken, „Jiddereen bei eis muss lo kucken wat fir sech selwer dat Bescht ass mä virun der Konkurenz fortgelaf sinn ech nach nie.“

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.