De Laurent Jans ënnerschréiwt fir 3 Joer beim FC Metz !
De rietsen Aussevertéideger verléisst Waasland-Beveren als Rekordspiller a kënnt als Wonschspiller vum Frederic Antonetti bei de franséische zweet Liguist. De néien Trainer vun de Grenats huet sech an der rezenter Vergaangenheet ganz positiv iwwert de lëtzebuerger Nationalspiller geäussert. De Laurent schéinnt e wichtege Bausteen an der Course fir den Opstieg ze sinn.
An der lëtzebuerger Fussballfanszen gouwen d‘Rumeuren ronderem de Wiessel ganz kritësch gesinn. Nieft dem franséischen Traditionsveräin war de Jans och bei der Fortuna Düsseldorf am Gespréich. Dëst huet beim bundesligaaffinen Deel vun onse Supporter natierlech direkt ageschloen an d‘Majoritéit hätt de sympathësche Léiw gäeren an der héijster däitscher Liga gesinn. Donieft huet de Club vum Carlo Molinaro duerch de ganz irrespectéisen Ëmgang, séif et vun offizieller Säit oder duerch d‘Fans, vum Chris Philipps an der Gestioun vun onsem Talent, dem Vincent Thill ganz vill Sympathien am Länd‘chen verluer. Dëst féiert dozou dat de Wiessel ganz skeptësch erlieft gëtt.
De Laurent Jans huet fir dräi Joer ënnerschriwwen a kënnt mat engem anere Status op Metz wéi Thill a Philipps hatten/hunn. Hien ass Stammspiller an Eckpfeiler bei der Nationalequipe an huet sech op professionellem Niveau bestätegt. Bei den Offiziellen wäert dëst sécher an d‘Gewicht faalen, bei de franséische Metzer Supporter wäert hien sech awer bewéisse a de villen domme Léit, déi op de soziale Medien hier negatif Kommentare wäerten zu Bescht ginn, de Mond stopfen.
Wee wees vläit brécht de Laurent Jans och eng Lanz beim FC Metz fir déi vill lëtzebuerger Talenter déi et sécher bei hinne packe kéinnten ?