Ganz Fussballlëtzebuerg ass momentan liicht opgereegt wann et ëm de Ryan Johansson geet. De gréissten Deel Opreegung gëllt natierlech dem Faite dat de lëtzebuerger U19/U21 Spiller mam groussen FC Bayern München op Virbereedungs- an US Tuer war an do an de Matcher géint de PSG, der Juventus a géint Man City vill ze spille krutt. Et kënnt net oft vir dat e Spiller deen zu Lëtzebuerg ausgebildt gouf an duerch ons U-Auswahlen gaangen ass op esou engem Niveau ze spille krutt.

Deen aneren Deel Opreegung geet op de Konto vun der Angscht déi d’Supporter hunn dat de sympathëschen ex-Hueschterter vläit nie am Dress vun onser A-Nationalequipe oplafe wärt. De Ryan Johansson huet nämlech nieft Lëtzebuerg och d’Wiel fir Schweden oder Ireland. Wéi hien de Kollegen vum Wort ( //www.wort.lu/de/sport/ich-bin-nicht-abgeneigt-5b606802182b657ad3b90c26 ) am Interview erklärt huet ass hien „net ofgeneigt“ fir Lëtzebuerg opzelafen an dat hien souwisou am stännege Kontakt mam Man Cardoni ass, dee säin Trainer an der U-Auswahl ass. An awer schwebt, wéi esou dachs, bei talentéierte Spiller mat Bi-Nationalitéiten, eng latent Angscht an der Loft dat de Spiller sech duerno awer net fir d‘Roud Léiwen entscheed. Pjanic léisst gréissen.

Wéi een am Wort Artikel liese kann wäert de Ryan Johansson sech souwisou mam FC Bayern a sengem Agent austauschen eh hien eng Entscheedung treffe wärt mä als éischt wärt de Nationaltrainer Luc Holtz sech beim Spiller mellen. Dat onst Land beim Här Becker a beim däitsche Rekordmeeschter als Optioun Nummer 1 gëllt brauch ee sech mol net ze erdreemen. Fir béid gëllt et de Spiller esou gutt wéi méiglech ze vermarkten an do sti Schweden an Ireland einfach besser do wéi Lëtzebuerg. Et brauch een sech nëmmen déi aktuell Lëtzebuerger Profien unzehéieren, déi scho säit Joeren bekloën dat een einfach kee gudde Standing huet a sech méi bewéise muss wéi e Spiller aus engem „bessere“ Fussballland. Dat Lëtzebuerg an de läschte Joeren eng gudd sportléch Entwécklung gemeet huet spillt momentan nach keng grouss Roll.

Wéi een en Talent kéinnt iwwerzeegen erklärt de fréiere Nationaltrainer Guy Hellers a senger Rubrique am Quotidien ( //www.lequotidien.lu/a-la-une/carre-de-guy-hellers-comment-pjanic-aurait-pu-jouer-pour-le-luxembourg/ ). Hien huet e puer Joer zréckgekuckt a sech beschwéiert dat deemols déi Verantwortlëch bei der FLF dem Pjanic seng Fuerderungen net agaange sinn an esou d‘Chance verpasst hunn de Weltklassespiller u Lëtzebuerg ze bannen. Mir kennen d‘Fuerderunge aus sécherer Quell a fir eis huet d‘FLF deemols richteg entscheed. Dat Materiellt dierf bei der Wiel vum Verband einfach keng Roll spillen.

Et soll ee sech mat Iwwerzeegung fir onst Land entscheeden. Mir schwätze lo hei net vun iergendenge patriotësche Idealer mä et soll dem Spiller einfach eng Freed sinn den Trikot mam Roude Léiw unzedoën a mat senge Kollegen ( mat deenen een schonn an der Jugend gekickt huet) zesummen dat Maximalt probéieren erauszehuelen.

Oft ginn Participatiounen u Welt- oder Kontinentalmeeschterschaften als den Haaptgronn fir eng Entscheedung géint e klenge Verband uginn. „Kuck de Pjanic war 2014 awer mat Bosnien a Brasilien !“. Jo, an ?  Spiller wéi de George Weah (Liberia) , de Ryan Giggs (Wales) oder de George Best (Nordirland) hunn och nie un esou Turnéier deelgeholl a sinn awer Weltklassespiller gewierscht a ginn nach Haut an hierer Heemecht dofir bewonnert an zielen zu den absoluten Idoler vun de Kanner. Déi dräi genannte Spiller kann ee gewëss als Legenden vum Fussball betitelen.

Ob de Ryan Johansson ee Weltklassespiller gëtt kënne mir beim beschte Wëllen net soën, falls et esou ass wiere mir natierlech méi wéi frou hien an onse Réihen ze hunn. Wann et lo net fir déi ganz grouss Carrière duergeet da freeë mir ons och wann hien fir eis opleeft a sech iwwert dee Wee an de Fokus vun interessante Veräiner spillt. An der jéngster Vergaangenheet gouwen et genug Beispiller dat en Deelhuelen un der Virbereedung vum FC Bayern München net synonym vu grousser Carrière ass. Spiller wéi Gaudino a Scholl, déi ënnert dem Pep Guardiola an der Pré-saison iwwerzeege konnten, hunn de ganz grousse Sprong net gepackt a si wäit eweg vum Internationalem Fussball.

Bei engem 17 Jäeregen ass et schwéier virauszegesinn wouhinn seng Entwécklung hien féiert. Ee Formdéif, eng Verletzung oder een Trainer deen net op hie baut a schonn gëllt d‘ „Nowuestalent“ als „éiweg Talent“ oder als Iwwerbewert. Bei engem Verband wéi Ireland oder Schweden gëss de da faale gelooss wéi eng waarm Gromper, zu Lëtzebuerg gëtt wéiderhinn op dech gebaut. Hätten aner Nationalverbänn déi selwescht Gedold mam Vincent Thill wéi momentan ons FLF ? Kaum ze gleewen.

Vläit ass Lëtzebuerg awer de bäschte Wee fir e Nowuesspiller an de Ryan Johansson gëtt zum Virbild vun enger ganzer Generatioun vu Spiller déi sech net ze entscheede wëssen, eng Generatioun bei der d’Optioun Lëtzebuerg net nëmmen e cleveren Schrëtt ass mä déi aus Iwwerzeegung fir eist Land opleeft.

Share: