Verschidde Medieberichter no ass de Wiessel vum Olivier Thill bei den Ufa FC esou gutt wéi an drëschnen Dicher.

De Spillmaacher vum Progrès Nidderkuer wiesselt fir ronn 250.000€ an d’russësch Premier Liga, bënnt sech fir 4 Joër a gëtt den éischte lëtzebuerger am russësche Fussball ( de Mikhail Zaritski ass réischt no senger Ausbildung a sengen éischte Fussballeresche Schrëtt a Russland Lëtzbuerger ginn).

De lëtzebuerger Nationalspiller hatt an de Europa League Matcher vum Progrès géint den FK Ufa esou impressionnéiert dat d’Dirigenten vum russësche Klub direkt nom Himatch de Kontakt mam Spiller an de Nidderkuerer Dirigenten gesicht hunn. Trotz der 1-2 Néierlag an enger russëscher Dominatioun konnt den Thill säi ganzt Talent wéissen an huet nët nëmmen dem Géigener a villen Aktiounen Kniet an d’Been gespillt, de Rhythmus diktéiert a seng Matspiller gekonnt an Szen gesat mä huet och den 1-2 fir seng Fuerwe geschoss.

Fir den 21 järege Brudder vum Séba a Vincent geet mat dem Wiessel een Draam an Erfëllung a gëtt e Professionnele Fussballspiller.

Eng gudd Noricht fir ons Nationalequipe well den Oli Thill ouni Zweifel zu de begabsten Amateure gezielt huet an deen lo ënner professionelle Bedingungen an engem staarken europäeschem Championna e wéideren Entwécklungssprong maache kann.

D‘Highlights vum Aller Match vum Progrès beim FK Ufa

//youtu.be/yLLlbzFsN38

Share: