D‘Legioun zitt ouni de Philipps wéider

Fir de Chris Philipps gehéiert d’Geschicht Legia Warszawa wuel geschwënn zur Vergaangenheet. Wéi d‘lëtzebuerger Sportmedien mellen reest de Lëtzebuerg Nationalspiller net mat an d’Trainingslager a soll sech e néie Veräin sichen. 

Viru ronn engem Joer huet de Philipps den FC Metz, säin Ausbilderveräin, Richtung Polen verlooss. Déi éischt Hallef Saison war hien Stammspiller am System vum Romeo Jozak a konnt sech och beim nächsten Trainer Dean Klafurić duerchsetzen. Als Belounung konnten hien a seng Komeroden dunn de Championstitel an d’Coupe gewannen. 

Et hatt e geduet dat et fir de Chris Philipps endlech rulle géiw… beim sympathëschen Eislécker leeft et awer définitif nie esou wéi erhofft. 

An der néier Saison ass et beim polnëschem Topveräin awer drënner an driwwer gang, schlecht Resultater, zwou Trainerentloossungen an de blamablen Aus an der Europa League géint den F91 Diddeleng. 

Beim Retourmatch am Stade Josy Barthel war de Sa Pinto dunn op der Bänk vu de Polen an huet an deem entscheedenem Match, de lëtzebuerger Champion hatt ëmmerhinn 2-1 am Hispill gewonnen, op de Chris Philipps an der Innenvertéidegung gesat.

No 17‘ an duerch enge glänzend opspillender Diddelenger Offensiv war d‘Heemequipe 2-0 vir. No 45 Minutten a beim Stand vun 2-1 gouw de Chris Philipps ausgewiesselt an säitdeem war näischt méi wéi virdrunner… et war jo och relativ einfach dem Lëtzebuerger d‘Schold ze ginn.

Den néien Trainer huet de Philipps duerno op een Ofstellgleis gestallt an him réischt zum Schluss vun der Hironn e puer Spillminutte gegönnt. Elo soll de Spiller sech also en néie Veräin sichen. 

Et wier ze hoffen dat de nächste Veräin deen de Philipps astellt een 6er sicht deen d‘Spill vun hannen opbaut. Och wann hien mol als Innenvertéideger aushëllefe kann bléift hien e Mëttelfeldspiller deem seng Stäerkt doranner läit e Spill z’équilibréieren an ze rythméieren.

Ons Nationalequipe brauch e Chris Philipps mat Vertrauen an dat kritt e nëmmen bei engem Veräin deen op hie baut.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.