Den FC Zorya Luhansk néie Veräin vum Chris Philipps ?

De lëtzebuerger Nationalspiller Chris Philipps steet virun engem Wiessel an d’Ukraine. Den FC Zorya Luhansk wéilt de polyvalenten Defensivspiller, deem säi Kontrakt Ënn des Joers ofleeft, an der Wanterpaus verpflichten. 
Fir de Spiller wier dëst e néien Ufank a senger Carrière no enger schwiereger Phas bei Legia Warschau, wou en déi läschte Méint op een Ofstellgléis gestallt ginn ass. An dobei hatt alles am éischten Hallefjoer 2018 wéi am Märchen ugefangen. No sengem Wiessel vum FC Metz a Polen hatt de Philipps sech schnell duerchgesat a konnt zum Schluss vun der Saison polnësche Meeschter a Coupegewënner nënnen. Legia huet sech duerno awer als absolute Chaosclub bewissen, Trainerwiessel à gogo, e katastrophalen Aus an der Europa League géint den F91 (an indirekt Scholdzouwéisungen vum Trainer un de Philipps) an eng Veräisspëtz dei Spiller indirekt zu Wiesselen zwéngt. Bref, de Lëtzebuerger gouf an d’zweet Equipe verbannt a krutt keng Chance méi fir sech um héichste Niveau ze beweisen.

De Chris Philipps wier bei engem Wiessel bei den FC Zorya Luhansk, dee wéinst dem Kriich seng Matcher zu Saporischschja spillt, mam Martins, Rodrigues an Hall de 4te lëtzebuerger Spiller an der Ukraine.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.