Meng éischte Kéier… am Schnéi

Alf-Inge Håland (Foto vu Spox)

Mäin éischte Match am Josy Barthel muss am Mäerz 1995 géint Norwege gewiescht sinn. Ech hunn virdrunner schonns Fussball verfollegt, am Ufank nëmmen EM (ab 1988) a WM (ab 1990), ab 1994 och däitsch Bundesliga (1860 a Kaiserslautern si bis haut meng Liblingsveräiner, deemools alle béid nach éischtklasseg), awer ëmmer nëmme virun der Telé oder virum Videotext a Radio. De legendäre Match géint Preisen 1990 hunn ech beispillsweis mat mengem Papp, engem Monni a menger Mamm zu Bieles gekuckt a mir hunn zweemol haart bei de Goaler vun de roude Léiwe gejaut vu Freed.

Mee ech wollt och endlech emol an de Stadion goen an an der Qualifikatiounscampagne fir d’EM an England 1996 war et dunn esouwäit. Den éischten Heemmatch géint Holland krute mir leider keng Kaarten, wat schued war, well Oranje war an ass vu jeehier wuel déi Nationalequipe, déi mir no Lëtzebuerg mat am léifsten ass. Mee géint Norwege ware mir dunn derbäi. Mir haten Ticketen op der Tribune de Face, mengen am A oder B.

D’Opstellung vun eise Jonge war déi heiten: Rohmann, Ferron, Vanek, Birsens, Deville, Weis, Strasser, Cardoni, Groff, Saibene, Langers. Bei den Norweger waren e.a. dës Spiller mat am Coup: Henning Berg (deemols Blackburn Rovers, herno Manchester United), Alf-Inge Håland (deemols Nottingham Forest, herno nach Leeds a Manchester City, an iwwregens de Papp vum heitege Wonnerkand Erling Håland) an déi spéider Bundesligastars Kjetil Rekdal (e.a. Hertha BSC) a Jan Åge Fjørtoft (eng Legend bei der Frankfurter Eintracht.)

D’Ambiance war net esou déck, mee ech war frou emol op engem Match live derbäi ze sinn. Lëtzebuerg louch zur Paus 0-1 duerch e Goal vum Leonhardsen hannen an et huet richteg ferm geschneit. Mäin Papp hat Angscht herno schlecht mam Auto heemzekommen. Kuerz no der Paus ass den 0-2 duerch de grad agewiesselte Gunnar Aase gefall a mir sinn dunn léiwer nach virun Ofpëff heemgefuer.

An der gläicher Campagne war nach een 1-0-Sensatiounssig géint Tschechien, deen ech awer och just op RTL gesinn hunn, zwee Sige géint Malta an een 0-0 géint Wäissrussland wou ech op der Tridefa schonns ee Phantom-Kappballgoal vum Morocutti gefeiert hunn. Ech erënnere mech nach gutt wéi enttäuscht ech war ze realiséieren datt de Ball just géint Aussenetz gaangen ass. Ech war warscheinlech an den 90er Joren nach e puermol soss do, mee erënnere mech elo net méi bei wéi enge Matcher genau. Als Student ab 1999 dunn awer net méi. Wierklech reegelméisseg op Matcher vun de roude Léiwe ginn ech awer erëm säit 2004. Säitdeem hunn ech kaum een Heemmatch verpasst a war och auswäerts ganz oft mat derbäi.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.