Op der Sich nom Roude Léiw vun Tilburg

20130407-120635.jpg

De Samschde 6ten Abrëll hunn ech mech mat zwee Kollegen op de Wee op Tilburg gemeet. Zill war et natierlech den Aurélien Joachim an Aktioun ze erliewen. Onsen Nationalspiller ass jo bekannterweis säit dëser Saison Profispiller bei Willem II Tilburg. Vu datt meng zwee Begleeder Groundhopper sinn u mir et ons net huele gelooss en anert Spill kucken ze goën. Ons Wahl fir den U19 Match vum PSV géint NAC Breda sollt sech als gudd Wiel erausstellen.

20130407-120710.jpg

Moies am Sportkomplex de Herdgang, Trainingszenter vum PSV, hu mir erlieft wat d’Friichte vun enger excellenter Jugendaarbecht sinn. E Match vun den U17 vum PSV géint déi vu Groningen deen nëmme vun technescher Finesse an taktescher Intelligenz gestrotz huet. Wonnerschéi Passstaffeten, spiller déi ëmmer a Bewegung waren a Goaler bei deenen ech beim Nospillen op der Playstation eng Verstauchung an den Daume kréien géif. Leider hu mir nëmmen 20 Minutte vun deem Match gesinn.

Dunn koum mam U19 Spill PSV géint NAC Breda nach eng Steigerung. Genial wéi de PSV ëmmer dat Spillerescht gesicht huet fir d’Spill opzebauen. Auszehiewe muss een och dat KEEN um Terrain gemault huet. Do huet kee mat Schiedsrichterentscheedunge gehadert oder wéinst enger Feelpass ( vun deenen et der och nëmme wéineg goufen) vum Matspiller gemeckert. Beschte Spiller um Terrain war ouni Zweifel de Moussa Sanoh. Mierkt iech deen Numm ! Deen hätt ech am léifste gekidnappt an zwangsadoptéiert. Brillante Spiller. Spillt am offensive Mëttelfeld war un allen gudden Aktioune bedeelegt. Aner Spiller mat extra Mentioun de Stiermer Albian Muzaqi an de Clint Leemans, Zentrale Mëttelfeldspiller. Eenzege Manko : d’Chancenverwertung, de Match ass zwar nëmmen 2-1 fir d’Heemequipe ausgaang mä hätt misse mat 6-1 zu Enn gepaff ginn. Ganz flott datt mam Phillip Cocu e Spiller mat Weltformat déi Equipe betreit an datt ëm déi 300 Leit bei esou engem Match derbäi waren. Inklusive Bengalos, Banner a Knupperten.

20130407-121040.jpg

Duerno si mir da weider op Tilburg gefuer fir de Match vu Willem II géint de PSV ze kucken. Vu dat déi zwou Stadte manner wéi 30 Km aussernee leie kann e gewëss vun engem Derby schwätzen.
Ech muss soen datt Willem II mir richteg gutt gefält, e sympathesche Club, e flotte Stadion. Alles wierkt iwwersiichtlech, familiär. Eng extra Mentioun un de Staff vu Willem II déi ons Ticket’en op d’Säit geluet hunn a mat Frëndlechkeet gepunkt hunn.
Dat mam Aurélien Joachim och nach e Lëtzebuerger um Terrain steet, de Club no engem Grand-Duc benannt ass an se ons Fuerwen droe mécht et natierlech ganz einfach direkt Sympathië fir dëse Veräin ze empfannen.

20130407-120923.jpg

Wou de Match ugefangen huet war allerdéngs keng richteg Derby Atmosphäre ze spieren. D’Kingside gouf zwar mat enger martialescher Tifo dekoréiert mä vun de Gäschtefans koum relativ wéineg.
Et gouf keen eklatanten Ënnerscheed zwëschen dem Leschten an Zweete vun der Eredivisie. Dat wat de PSV technesch besser konnt hunn Tricolores probéiert mat Asaz an Aggressivitéit wett ze machen. An der éischter Minute hätt de Joachim bal mat engem Kappball den 1-0 fir Tilburg maache kennen. et hunn him awer e puer Zentimeter gefeelt fir méi Drock hannert de Ball ze kréien. Déi éischt Halschent war relativ ausgeglach a wou de ganze Koning Willem II Stadion ugefangen huet un e Wonner ze gleewen huet de Marc Van Bommel den Hummer ausgepaakt. An der 45′ Minutt schéisst hie mat engem plazéierte Weitschoss den 1-0 fir Eindhoven.
Den Aurélien hatt e schwéiere Stand géint de Marcelo, dem Verteideger vum PSV. Meeschtens gouf den Auré mat héije a lange Bäll gesicht, dëst huet dem grouss gewuessenem Brasilianer an d’Kaarte gespillt. Wann een der Heemequipe nach eppes virwerfe kann dann datt se oft de Ball ze liichtsënneg verluer hunn an och an der Ofwier d’Iwwersicht net ëmmer haten.
Willem II ass awer richteg gutt aus der Paus komm an huet de PSV an ier Halschent gedréckt. De Joachim, eenzege Spiller a kuerze Äerm, huet dunn och d’Iwwerhand iwwert de Marcelo kritt a war oft nëmme mat onfaire Mëttel ze stoppen.
Ganz logesch ass dunn den 1-1 duerch de Jordan Peters gefall. Onse Roude Léiw war net onbedeelegt un deem Goal. No Zesummespill mam Marc Höcher huet dësen de Ball an de Strofraum gi wou de Peters mam Kapp de Gläichstand geschoss huet.
Déi Roud Wäiss Blo hu weiderhinn Drock ausgehübt an et huet ganz duerno ausgesi wéi wann d’Tricolores am Kampf géint den Ofstig Punkte géife gutt maachen.
Dogéint hatt den Toivonen awer eppes, an der 76ter Minutt schéisst hien den 1-2 . Dëse Goal huet den Elan vun den Tilburger gebrëmmst an an der 81ter fält mam 1-3 vum Derijck och de Schlusspunkt vum Match.
Fir Willem II gett et ëmmer méi enk an et gesäit ganz duerno aus wéi wann den Ofstieg net ze vermeiden ass. Ob den Aurélien weiderhi bei Willem II bléift ass och net sécher. Et wier dem Veräin an dem Spiller ze wënschen datt se et packe géifen an der héijster Hollännescher Divisioun ze bleiwen.

Fir weider Foto’en besicht dem MW séng Internetsäit

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “Op der Sich nom Roude Léiw vun Tilburg

  1. Fabs 7. April 2013 at 13:35

    Ech wier gär matgaangen, mee meng Woch wor leider bessi hoart!
    Falls du nach eemol wells goen, soo mier bescheed!

    An merci fir den Bericht!

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.